21.September 2013, 7.Spilldag vun der Eredivisie, den RKC Waalwijk spillt auswäerts zu Groningen. Säit den Oosterparkstadion virun e puer Joer ofgerappt gouf spillt den FCG seng Heemmätcher an der Euroborg, am Volleksmond och „de groene hel“ genannt. Ob dësst sech op d’Stëmmung am Stadion oder op d’Groninger Wieder bezitt hunn ech awer nach net erausfonnt. Virun 18000 Zuschauer gouf de Mätch um véirel fir 8 ugepaff.

P1040058

Den Aurélien stoung fir Waalwijk an der éischter Elef an huet och de ganze Mätch duerchgespillt. An der éischter Halschent war d’Partie ausgeglach, mat liichte Virdeeler fir Waalwijk, alles an allem awer zimmlech onspektakulär. An der 37.Minutt krut de Waalwijker Defensivspiller Ivens no engem Feler un de Genero Zeefuik eng rout Kaart, soudass den RKC nach huet missen iwwer 50 Minutte laang mat 10 Mann auskommen. Kuerz no dëser rouder Kaart haten d’Gäscht aus Noord-Brabant di bescht Chance vun dëser éischter Halschent, an den Aurélien war moossgeblech dru bedeelegt: hie gewënnt en Zweekampf géint de brasilianesche Verteideger Botteghin, a spillt de Ball direkt weider un de Rémy Amieux… deen trëfft aus spatzem Wénkel awer just de Poteau. Mat engem 0-0 ass et also an d’Paus gaang.

P1040068

No der Paus huet Groningen méi fir de Mätch gemaach, a war och optesch iwwerleen. Während den Aurélien an der 1.Halschent als zentrale Stiermer gespillt huet koum en an der 2.Halschent als lénks Bande zum Asaz, wou en och ganz vill huet misse mat no hannen schaffen, an do och eng Rei wichteg Zweekämpf gewonn huet. Groningen huet den Drock erhéigt a sech am Laf vun der zweeter Halschent ëmmer méi Chance krééiert.

P1040075

An der 64.Minutt konnt den agewiesselten de Leeuw nach eng sougenannt Honnertprozenteg net notzen, an der 68.Minutt sollt dun awer den 1-0 falen. No enger schéiner Kombinatioun kritt den Nick van der Velden de Ball op der Strofraumgrenz, zitt of a léisst dem Waalwijker Golkipp keng Chance. Op Corner kann de Genero Zeefuik dräi Minutte méi spéit op 2-0 erhéigen. Et huet elo sou ausgesinn, wi wann de Mätch entscheed wier, mee den RKC kämpft sech nach eemol zréck – nëmmen 2 Minutte méi spéit geléngt dem Auré den 2-1. An Zesummenaarbecht mam Amieux erkämpft en sech de Ball am Mëttelfeld, spillt en op di lénks Säit op den Amieux, leeft sech am Strofraum fräi, kritt de Ball zréck a markéiert.  E perfekte Konter amfong…

P1040065No dësem Gol huet ee ganz däitlech gemierkt, dass d’Spiller an d’Supporter vum FCG nach eemol onroueg gi sinn. Den RKC huet net opginn, sech an der Nospillzäit awer duerch den Adorjan an den de Leeuw nach zwee Goler agefaang, soudass d’Resultat 4-1 fin de compte vill méi däitlech ausfällt wéi de Mätch eigentlech war…

P1040073

Share: