Déi schéinste Fussballszenarien schreiwen déi Geschichten wou den Trainer an de Schlussminutten de Spiller erawiesselt deen d’Partie kippt. De Präsident vun der FLF war e Fussballstrainer an huet a senger Carriere wuel déi eng oder aner esou ähnlëch Entscheedung getraff.
Elo ass hien Verbandspräsident mä trotzdem huet d'”Awiesselung” vum Michel Platini an der Affaire “néie Stadion” esou munch Ähnlëchkeeten mat esou engem fussballerëschem Happy End. Als e vun den beschten Mëttelfeldspiller vun der Geschicht huet de Platini gëschter d’Bäll verdeelt an et ass un anerer se an de Goal eranzeschéissen.
Eng Pass goung un de Sportsminister an deen schwetzt scho lang dovunner datt et nemmen eng Fro vun der Zäit ass datt dëse Match sech entscheeden wärt. Getraff huet hien nach nët.
Déi aner Pass an de Laf goung un de Stadter Buergermeeschter. Deen huet sech bis elo awer och nëmmen am Krées gedréint a sengem Gemengerot de Ball an d’Féiss gespillt. Op de Goal ze scheissen huet sech nach kee getraut.
De Platini ass natierlech net frou an als Fussballlegend esou behandelt ze ginn ass och net flott. Vu datt hien de Ball matbruet huet huet hien eng gewësse Muecht an wärt de Ball och nees mat Heem huelen wann seng Matspiller wéider esou optrieden.
Schonn op der Spillplatz war et ëmmer besser sech mam Ballbesëtzer gutt ze halen, sos huet en net matspillen däerfen. Munch Saachen ännere sech net.