U sëch wollt ech mir mol nees Zäit huelen fir een ofschléissenden Bericht iwwert déi lëscht Quali-Compagne oder iwwert ons genial Auswäertsrees op Coimbra ze schreiwen mä d’Aktualitéit huet mir do e Strech duerch d’Rechnung gemeet.
Den 8 November 2013 huet nämlëch eng grouss Persoun vum Lëtzebuerger Futtball säi Recktrëtt vu senger Nationalequipscarriere bekannt ginn.
Nodeems den Luc Holtz dem René Peters matgedeelt huet datt hien net méi mat him plangt huet dësen missen erklären datt hien ni méi als Roude Léiw oplafen wäert.
A senger bal 14 joer langer Carriere huet de René Peters 92 mol de Roude Léiw op der Broscht gedroën an dobäi 3 Goaler geschoss.
Hien huet a sénger Era wierklëch alles matgemeet. Wann en nëmmen kuckt wéi séng Nationaltrainer geheescht hunn kann een sech e Bild vu senger Lafbunn als Roude Léiw maachen. Paul Philipp, Allan Simonsen, Guy Hellers a Luc Holtz. Hien huet alles erlieft.
Hien huet also ënnert all deenen Trainer gespillt déi den Schreiwer vun desen Zeilen selwer erlieft huet. Mir sinn zesummen duerch ganz batter Zäiten bis zur momentaner hoffnungsvoller Epoch gangen. Hien um Terrain an mir op der Tribune. Als eenzeg Konstant huet hien de selweschten Misere duerchgemeet wéi déi tréisten Supporter.
Ech ka mëch nach un all séng Goaler ereeneren. Säin éischten hunn ëch um live Ticker um Teletext vum ZDF matkritt, d’ Biller hunn ech den Dag drop um RTL gesinn. E Wäitschoss, deen wuel éischter als Pass geduet war, zu Belgrad géint Yougoslawien. Datt war 2001. Säin zweeten, 2008, hunn ech op engem ganz schlechten arabëschen Streaming gesinn. Ons Equip hatt do nämlech e Frendschaftsmatch géint Saudi Arabien gespillt a säin drëtten am selweschten Joer war e Fräisstoussgoal géint Israël, do war ech live am Stadion derbei.
Mä et si manner seng Goaler wéi säin onermiddlechen Asatz déi engem a Gedächtnis kommen. Ech erenneren mech am léifsten u seng gewonnen Zweekämpf, séng Rouh an un säi geschéit Stellungspill. Een onopfällegen Stëppszuckeler deen seng Arbescht ëmmer nees gutt gemeet huet.
Nach léiwer ërenenneren ech mech awer u säin Optrëtt abseits vum Terrain, séif et no engem Match an enger Buvette wou een sëch mat him iwwert de Fussball ennerhalen konnt. An datt an aller Sympathie, ouni Arroganz. Oder séif et fir een Interview oder e Fangespréich. De René ass ëmmer fir een do an ass dobäi esou frënndlëch an open datt een richtëg iwwerrascht ass. Vun der Zong op d’Long, wéi e richtegen Minettesdapp eben ass.
Ëch hoffen datt de René fir déi néi Generatioun als Virbild gëllt an datt der e puer déi selwescht Attitude wéi hien unhuelen. Ech wees datt vill Supporter dem René elo schonn notrauen. Ech hätt him gewënnscht datt hien déi magësch Zuel vun 100 Selektiounen packt. 32 Joer ass u sëch nach keen Alter fir e Récktrëtt…
René, ech soën dir Merci a wënschen dir nach eng lang Veräinscarriere !
Gutt gebrëllt, Léiw!