Luiz: CK, fir d’éischt emol all Respekt dass et dir gelong ass an der leschter Qualifikatioun kee Mätch vun de Roude Léiwen ze verpassen. An ech schwätzen elo hei wuelgemierkt net just vun den Heemmätcher, mee och vun deene 5 Auswäertsmätcher zu Belfast, Kasan, Baku, Tel Aviv a Coimbra!
CK: Merci! Hat mir fir d’WM-Quali 2010 schons den Challenge gesaat all Match ze fueren. Eis Géigner deemols: d’Schwaiz, Israel, Lettland, Griechenland a Moldawien. A bis op Chisinau (wou onglécklerweis nemmen 3 Deeg virun Israel loung, waat net iwwerteneen gaangen ass mat der, zesummen mat enger daitscher Frendin geplangter, Backpacker-Rees duercht hellegt Land) war ech deemols och op all Match. Et huet mech ower herno enorm gewurmt datt deen een Match gefeelt huet an ech wollt et des Kéier packen all Match ze gesin. An am engems eppes vun der Welt. Fléien jo néirens just fir de Fussball hin. Kucken mir och d‘Stied un oder reesen esouguer durch d’Land.
Des Kampagn ass et mir also endlech gelongen an hun derbai eng Rei gelongen Destinatiounen ugesteiert.
CK mat Lëtzebuergtrikot a Sowjetuniform an engem Musée zu Kasan
Luiz: Ech erënnere mech wi mer zesummen op Belfast gefuer sinn, dass mer ennerwee e Pronostic gemaach hunn wéi d’Campagne wiert ausgoen. Du wars ganz optimistesch an hues gesot, et wieren 11 Punkten dran. Fin de Compte krute mier der 6, bass de vum sportleche Standpunkt hier trotzdem zefridden?
CK: Ennert dem Strech sin ech zefridden. Virun net allze laanger Zait krueten mir nach 0 Punkten an enger Qualikampagn. Géint Aserbaidschan doheem wir allerdéngs méi dra gewiecht. Doriwwer eraus hat ech op een ganz groussen Iwwerraschungssig gehofft, deen ass leider ausbliwwen. Vlait nächst Kampagn.
Luiz: Wat war, elo reng sportlech, fir dech den Highlight an deser Campagne?
CK: Ganz kloer den 3-2 doheem géint Nordirland. Net nemmen datt mir gewonn hun, mir hun esouguer glaich 3 Goaler geschoss an den ganzen Match war, aléng vum Spillverlaaf hir (als éischt hannen, dann ee beemol fir, duerno erem een Géigengoal an schlussendlech ower dem Jänisch sain Sigtreffer), einfach nemmen fantastesch. Derzou eng genial Ambiance an engem emol erem prall gefellten M-Block.
Luiz: Op Belfast ware mer jo wéi gesot zesummen geflunn. Ech mengen dass all Lëtzebuerger deen do mat war, ganz besonnesch déi di nom Mätch nach mat an de Lavery’s waren, zenterhier duerchaus e bësse Sympathisant vun der nordirescher Nationalekipp ass. Gesäiss Du dat anescht?
CK: Nee. Irland a Schottland haat ech emmer schons gaeren, sait Belfast elo ower definitiv och Nordirland.
Luiz: Israel wars de elo scho fir d’zweete Kéier bannent gutt 5 Joer an et ass oft virkomm an de leschte Joren dass de vun deene Reesen regelrecht geschwärmt hues. Ass eng drett Israelrees geplangt?
CK: Et war immens do, virun allem déi éischte Kéier als Backpacker, wou mir e.a. an der Negev-Wüst an engem Zelt geschlof hun 😉
Mee eng drett Rees derhinner ass u sech elo emol net méi geplangt. Et siew dann, mir giewen Israel erem zougeloust kréien am Februar, wat ech ower net hoffen, well géint déi gett et irgendwéi leider emmer een katastrofalt Debakel, opmaanst an engem vun den zwee Matcher.
Luiz: Baku ass eng Stad, vun där mir net vill bekannt ass. Du wars am Juni do. Giffs de engem Tourist, onofhängeg vum Fussball, e Citytrip op Baku empfehlen?
CK: Absolut. Eng wonnerschéin Stad, am Dag wéi nuets (wann Héichhaiser, Hoteler asw. beliicht sin.) Se hun eng flott historech Aalstadt, eng beandrockend klassesch, ower och modern Architektur (googel bspw. mol hiren Regéierongspalais an alternativ derzou d‘Flame Towers!), eng schéin Séipromenad mat Fuergeschäfter an Wasserfontänen. Et ass eng Stad déi ökonomesch boomt an och immens propper ass.
Luiz: Et war jo eigentlech ugekënnegt de Mätch a Russland giff zu St.Petersburg gespillt ginn. Fin de compte goung d’Rees awer op Kasan. Wars de enttäuscht doriwwer?
CK: Am Ufank jo. Wollt onbedéngt op St.Petersburg. Mee herno muss ech soen : et war eng super Rees a Russland. Virun Kasan waren mir 3 Deeg zu Moskau (war nach nie virdrunner do) an déi Weltstad huet mir durchaus gut gefall (zumols als historesch interesséierten Mensch!), mee Kasan war amfong vill méi gemittlech, d’Leit méi relax (manner Stress) an den Kreml, virun allem och d’Kul-Sharif-Moschee, ass wonnerschéin.
Luiz: Nom Mätch Portugal-Lëtzebuerg stoung fest dass Portugal an d’Barragemätcher misst, do konnten se sech bekanntlech géint Schweden duerchsetzen. Wéieng Roll kënnen d’Portugiesen denger Meenung no d’nächst Joer op der WM spillen?
CK: Ech hun fonnt datt Portugal virun der Relegatioun eng schlecht Quali gespillt haat. Nemmen zweemol Remis géint Israel, géint Russland verluer, zudem haaten se durchaus gewessen iwwerraschend Problemer mat Nordirland, Aserbaidschan an och eis. Mee géint Schweden hun se zweemol géint een starken Géigner regelrecht Weltklass gespillt. An daer Form mat esou engem starken Cristiano Ronaldo och, trauen ech hinnen villes zou. Denken emol, se kommen bis an d’Véirelfinall.
Luiz: No der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun ass virun der Weltmeeschterschaft. Plangs de och eng Rees a Brasilien?
CK: Main Draam ass u sech bei der Finall zu Rio derbai ze sin. Mee daat klappt wuel nemmen wann bei der FLF een mir eng Faveur mécht, well iwwert den normalen Wee un een Ticket erunzekommen, ass leider quasi onméiglech. Ausser d’FIFA loust mech ower nach aus (wat eng réng Gléckssach ass), ugemellt sin ech jhidderfalls emol.
Luiz: An no der Weltmeeschterschaft ass da rem virun der Europameeschterschaftsqualifikatioun. War dat elo eng eemoleg Saach all Mätch kucken ze goen oder kanns de der virstellen, dat och di nächst Campagne rem ze maachen?
CK: Ech hun d’Zill och eng EM-Quali voll matzemaan. Am léiwsten direkt déi nächst 😉
Luiz: Verziel eise Lieser vläicht fir ofzeschléissen nach eng witzeg Anekdot, dis de ënnerwee eemol erlieft hues.
CK: Do gett et eng Rei. Zu Baku bspw. komm een aserbaidschaneschen Journalist bei mech an huet gefroot, ob ech den CK wir. Hien hat iwwert mech am Luxemburger Wort gelies. Ech sollt him dunn e puer Froen beentweren an herno hunn ech nach, op englesch natirlech, en Interview fir d’aserbaidschanesch Telé gin, wou ech leider bis haut net gesin hun. Eng aner Anekdot wir, wou den Martin (ee Schwaizer Groundhopper, deen öfters mat mir zesummen op Auswärtsmatcher fiirt) an ech an d’Palästinensergebidder op Hebron gefuer sin. Beim Agang zur Machpela gouwen eis Päss kontrolléiert. Vu que datt den Martin Schwaizer ass, huet den Zaldot direkt „Pocketknife?“ gefroot. 😀 Esou Waffen muss een nämlech beim Betrieden vun der Moschee oder der Synagog ofgin. An an Russland bestellen d’Conciergen am Hotel schons emol iwwert eng Agence Sexarbechterinnen op Ufro fir hir Gäscht. Daat obwuel Prostitutioun offiziell verbueden ass. An zu Coimbra gouw et an Studentenlocations 14 Béier à 0,3l fir 6 Euro.
Du gesais, et erliewt een vill op esou Auswärtsreesen. 🙂
Luiz: Merci CK, dass de der d’Zäit geholl hues di Froen ze beentweren. A bonne Chance wat däin Ticket fir Rio ugeet!