Eng Wanterpaus bekennt mir net ëmmer gutt. Eng Noricht wéi de wahrschéinlechen Transfert vum Bastos ( FCD03) bei d’Bolton Wanderes ( ENG) ka schonn zu komëschen neuronalen Verknüpfungen féieren. Et ass nach näischt an drechenen Diicher ( Stand 17.01.2014 13:23) mä trotzdem huet d’Euphorie mech gepackt. Eng Rees an de Greater Manchester gett schonn am Hannerkapp geplangt, ech gesi mech schonn am Summer mat mengem, iwwer Internet gekafdem, Bastos Trikot op iergendwelcher Vakanzendestinatioun fir eng Foto poséieren an natierlech plangen ech de Bastos schonn a menger Equip op FIFA 14 an ( wee brauch schonn een Ronaldo ?).
Awer a meeschten schéissen meng Endorphinen an d’Luut wann ech un d’Zukunft vun der Nationalequip denken. En 20 jäeregen kann an engem Profiveräin nach vill bäiléieren an wann een bedenkt wéi den Yannick Bastos am Europapokal opgetrueden war dann brauch een sech nët ëm seng Zukunft ze suergen.
Nieft dem Badtos ( wann, jo wann den Transfert klappt) réihen sech an der Nationalequip op e beemol méi Profispiller wéi jeemols erhofft. Momentan hu mir mat Joachim, Gerson, Mutsch, Philipps, Deville a Chanot also 6 Profispiller. Dobäi gesellt sech héischstwahrschéinlech nach de Moris, 7. an de Bastos, 8.
Mä mir sinn nach net ferdeg.
Scho säit Joeren waard den David Caiado ( e vun onse Liiblingsthemen ) dorobber de lëtzebuerger Pass ze kreien, säit Joeren héiert een ëmmer nees ” et ass nemmen eng Fro vun der Zäit”. Hoffe mir mol datt et lo gläich ass. Komm mir sinn optimistësch, 9.
En aneren Spiller aus der Sporting Lisboa Schoul huet vru gerenger Zäit gesott hien kéinnt sech firstellen fir säi Gebuertsland, also Lëtzebuerg, opzelafen mä hien léisst sëch nach Zäit. Hien erhofft sech nach ëmmer den Trikot vun der “Selecao” iwwerzestreiffen. Eng Participatioun un enger WM oder EM schéinnt méi realistësch mat Portugal. Wann de Mica dës Zeilen liesst, nummer 10.
Den Emir Bijelic, grousst Talent beim FC Metz ass Lëtzebuerger, mat 15 Joer ass et vläit ze frei fir ze soen op hien mat 17 scho Profi ass. Mä vu datt ech haut euphorësch sinn Profi Nummer 11. Mam selweschten Elan huelen mer den Luca Ivesic mat op d’Rees. De Goalkeeper deen dëst Joer 19 Joer féiert spillt bei der U19 vum Jahn Regensburg. Och hei sinn d’Schinne gestallt 12
De Chris Martins kann nach ëmmer fir Lëtzebuerg oplafen ( Stand haut). Och nom turbulenten Ufank mat de Roude Leiwen A ass déi Dier nach lang net zou. 13
Säit e puer Joeren hunn den Dwayne Holter ( Greuther Fürth) an den Magnus Clemmensen ( Bayer 04 Leverkusen) de Wee vun der däitscher Ausbildung gesicht an probéieren de Schratt an de Profifussball ze packen. An 2 Joer ass et esou wäit 14 a 15.
Dëst sinn lo déi Spiller déi schonn iergendwelche Kontakt mat dem Profifussball hunn. Et däerf een awer net vergiessen datt Spiller wéi Jans, Bensi oder Turpel d’Talent hunn fir hieren Hobby zum Beruf ze machen an datt d’Wahrscheinlechkeet existéiert datt se et packen. Rumeuren iwwer Kontakter ginn et scho méi lang. Och een Laterza an en Pedro dierf en net ofschreiwen.
Et gesäit een datt ons Zukunft rouseg ka ginn, dofir mussen awer vill Spiller et packen op héischem Niveau ze bestoën, Schicksaler a Meenungen sech zu onse Gënschten änneren.
Hei e klengen Pronostic fir d’Joer 2016 :
Gesäit sech iergendwéi gutt un!
Krass wis du den Spiller vun den leschten Matcher einfach vergiess hues.
Bon kann jo virkommen, mee och dem Stefano seng Zukunft gesinn ech net bei der Fola!
Merde , de Stef. Ech hunn definitif ze schnell geschriwwen. Ech hunn nach vrun zwee Deeg mat engem iwwert de Stef geschwaat an wéi optimistësch ech fir séng Zukunft sinn.
Ech hunn mier daat geduet.
Vu dat ech wees, waats du an munch Aanerer, genee wi ech, vun him haalen.
Et ass alt nach een Profi méi!
@fabs wee geseis du dann nach ?
Ech hunn d’Equipe esou opgestallt datt a meeschten Profien vertrueden sinn.
Also leit dei lo scho “profi” sinn
@paul : mat esouengem Kader kann en seng Ambitiounen e bessen no uewen korrigéieren
Ech haat vum Stef geschwaat. Soss ass schwéier ze soen, ob do nach een den Wee schafft. Deen aaneren Déifferdenger am Stuerm, den Luisi, kann et och nach packen, well Talent huet den Borscht!
Di Astellung ass jo och richteg. Mee en Jugendspiller muss den Sprong mol schaffen. Den Bensi ass no drun!
Et kennt lues a lues Schwong an den FLF Kader 😉