De Fränk Goetz huet et geschter am Journal op RTL Tele Lëtzebuerg op de Punkt bruecht, wéi en vun enger “never-ending Story vun engem neie Fussballstadion zu Lëtzebuerg” geschwat. Et as nach keen halleft Joër hier, do huet den deemolege Staater Buergermeeschter Xavier Bettel erklärt, dass de Stade Josy Barthel renovéiert géif gin. Nodeems déi nei Staater Buergermeeschtesch (a Parteikollegin) Lydie Polfer awer elo gëschter ugekënnegt huet, dass et elo dann vlait awer net esou géif goen, an een neie Standuert géif gesicht gin, kann ee sëch wierklech d’Fro stellen, waat een hautesdags op d’Versprieche vun der Politik ka gin.
Erënnere mer eis zréck un de Mee 2005: d’Union Lëtzebuerg, d’Spora an Alliance 01 fusionéieren, zum Deel op Initiativ vun der Stad Lëtzebuerg, zum Racing FC Union Lëtzebuerg. Als Gebuertskado kritt deen neie Verain een neien, moderne Fussballstadion versprach. Dat Verspriechen as haut, bal 9 Joër dono, net ageléist gin.
Am September 2005 präsentéiert d’Kockelarena asbl een “All-in-One”-Projet fir op der Kockelscheier Sportinfrastrukturen mat engem iwwerdaachte Fussballstadion opzeriichten. De Projet fënnt wéineg Beuechtung.
Am November 2008, op der 100-Joer-Feier vun der FLF, schwätzt de Premier Jean-Claude Juncker fir di éischte Kéier iwwert de Projet fir een neie Fussballstadion, deen am Februar 2009 als Projet “Léiweng” virgestallt gëtt. 3 Joer drop as de Projet vun engem “Stadion zum Nulltarif”, gréisstendeels finanzéiert vu privaten Investoren, no vill hin an hier endgülteg dout. Do dertëschent bidd sëch d’Stad Déifferdeng un, fir hire grad nei erbaute Stade Municipal fir eng verhältnessméisseg kleng Zomm vergréisseren ze lossen – ouni Suite.
November 2012: et schëngt sech alles zum Gudden ze wenden. De Sportminister Romain Schneider kënnegt um FLF-Kongress un, dass de Stade Josy Barthel renovéiert gëtt – Enn 2013 sollen d’Arbechten ufenken. Eng Architektin fenkt mat der Aarbecht un de Pläng fir en Avant-Projet un. Duerch déi onerwarten Neiwahlen kënnt ebessen Retard an den Dossier, mee den 21. Januar 2014 stëmmt d’Chamber de Budget vu 40 Milliounen fir d’Renovation vum Stadion op der Areler Strooss. De Rescht vun der Story steet e puer Zeile méi héich – an net nëmmen d’Arbecht vum Architektebüro war wuel emsoss. Während d’UEFA der Federatioun sait Joeren d’Messer op d’Broscht setzt, well den Stade Josy Barthel – als wahrscheinlech eenzegen Nationalstadion vun hire 54 Membersverbänn – net konform as, stellt d’Politik sëch sait Joëre beim Thema Fussball esou dilletantesch un, dass dem Fussballfan d’Hoer zu Bierg stin. Während zu Wiesbaden innerhalb vun 8 Méint ee Stadion vun 12 000 Platzen fir eng 2. Bundesliga geplangt an opgeriicht as, brenge mir et a 6 Joër net fäerdeg, dass iwwerhapt mol ee Bagger rullt.
As eng Federatioun, déi mat bal 34 000 Lizenzéierten esouvill Aktiver emfaasst, wéi den Tennis (16 000), Basket (5 400), Dëschtennis (4 200), Handball (3 000), Cyclissem (3 000), Liichathletik (2 600) an de Keelesport (2 000) zesummen, esou vernoléissegbar fir eis Politik, dass deen Dossier sait bal engem Joerzéngt nach emmer net am Rullen as? Gehéiert et vlait schon zum “Lëtzebuerger Modell”, dass et zum gudden Toun gehéiert, dass ee geplangte Projet 5, 10, 15 Joër méi lang brauch, wéi ursprünglech geplangt (siehe Nordstrooss, Tram, …)?
Bei grousse Projet’en wéi der Philharmonie an dem Musée drai Eechelen gouf oft d’Argument genannt, dass esou Bauten och ee repräsentativen Charakter hätten an ee gudd Bild vu Lëtzebuerg bei eisen Nopeschlänner, Touristen hannerloosse géifen. Bei de Fussballnatiounen, déi bei eis op Besuch kommen – sief dat bei Spiller, Funktionären oder Auswäertsfans – gi mir mat eisem Nationalstadion wuel nach ee puer Joer weider ee lamentabelt Bild vu Lëtzebuerg no baussen of…
//www.wort.lu/en/view/220-million-more-in-luxembourg-state-coffers-than-expected-52eb6f57e4b00e3c1fcf0205
Da geht jo dann duer fir 4 nei Stadionen.