Ech wëll dann hei e klengen Iwwerbléck ginn iwwer de Site, wou den neie Stadion soll hikommen, nämlech tëscht de Stater Contournement (A1/A6) an den CR186 dee vu Gaasperech iwwer d’Kockelscheier op Beetebuerg féiert.
Vill gouf jo an de leschten Deeg an déi Richtung argumentéiert, datt et wéinst fehlenden Infrastrukturen (Tram, Stroossen, …) an wéinst em néidegen Ëmklasséieren vun der Zone Verte nach ka ganz laang daueren, bis do e Stadion kéint gebaut ginn.
Mä et ginn awer och genuch Argumenter, firwat ee ka schnell mam Stadionbau ufänken, trotz der anscheinend fehlender Infrastruktur.
Éischtens läit de P&R Kockelscheier (bei der Äispist) just handgemoossen 1,2km vum Site vum Stadion ewech. Do bräicht ee just en Trottoir laanscht d’Strooss ze bauen, fir datt d’Foussgänger net iwwerrannt ginn 🙂 Ech hu selwer genuch Stadionen gesinn, wou ee méi wäit wéi dat huet misse vum Parking bei de Stadion goen (Mönchengladbach, Nürnberg, Kaiserslautern, Mainz, …).
Den ëffentlechen Transport ass aktuell och schonn relativ gutt ausgebaut an deem Eck. D’Stater Buslinn 18 fiert direkt op d’Kockelscheier, d’Linnen 21 & 24 (vum P&R Bouillon aus!) fuere bis op d’Cloche d’Or. Vum Terminus „Guillaume Kroll“ sinn et laut Google Maps vun do aus 800m zu Fouss op de Site vum neie Stadion, d.h. ronn 10 Minutten zu Fouss. Wann ee bedenkt, datt um P&R Bouillon iwwer 2000 Parkplazen zur Verfügung stinn an dee Parking och scho fir grouss Lännermätscher um Josy Barthel mat Navette genotzt gouf, bräicht een hei am Fong just d’Kapazitéiten an d’Frequenzen vun der existenter Linn 24 ze erhéijen wa Matcher sinn.
Ausserdeem stinn Owes no 18h op der ganzer Cloche d’Or vill Parkplazen eidel. Do géif et sech opdrängen, mat de betraffene Firmen (wourënner d’Post jo z.B. Sponsor vun der FLF ass) en Ofkommes unzestriewen, datt bei Matcher dës Parkplaze vun de Firme kënne genotzt ginn (ähnlech wéi bei der Trier Arena).
Bleift also fir mech als eenzeg valabel Argument d’Ëmklasséieren vun der Zone Verte. Wat a sech kee Problem duerstellen dierft well et an där selwechter Zone Verte schonn aner Sportinfrastrukture gëtt (CK Sport Center wou all Joer Chaos ass, wann do den Dammen-Tennis ass – do sinn iwwregens och Parkplazen!), d’Äispist an de Golf-Trainingsparcous. Woubäi leschtgenannten genau wéi e Fussballsterrain jo am Fong weiderhin e Gréngberäich ass! Ganz wichteg an deem Zesummenhang vun der Zone Verte ass natierlech, datt eng Zone Verte net zwangsleefeg en Naturschutzgebitt ass. A wann Der Iech elo d’Fotoe ukuckt, verstitt Der, wourop ech eraus wëll.
Also: ëmklasséieren a bauen – elo direkt!