E Bléck op d’Auslousung

 

grupp c

„Elo setze Millioune Letzebuerger virum Fernseh, Mammen kachen réischt fir 1 Auer an d’Schüler sin extra well um halwer 12 aus dem Bett opgestan: et as Gruppenauslosung live op Eurosport!“  huet de Benem e Sonndeg de Moien um Facebook gemengt.

Zësumme mat den huelse-Auteuren CK a Wichtel hunn ech d’Auslousung beim Aperitif gekuckt, ier mer eis zesummen op de Wee gemaach hunn fir e Sonndeg de Mëtteg e Championnatsmätch kucken ze goen.

Fir d’éischt goufen d’Gruppekäpp ausgeloust. Dësst war natierlech net weider spannend, bis hinnen alleguer en éischte Géigner zougeloust gouf – dësst waren d’Ekippen aus dem 6.Lousdëppen – also och Lëtzebuerg.

Als drëtt Lous aus dësem 6.Dëppen gouf Gibraltar gezunn. Wëll awer vu fir eran kloer war, dass Gibraltar a Spuenien aus politeschen Ursaachen net dierften openeen treffen, gouf Gibraltar an d’Grupp D gesat. Dono gouf Lëtzebuerg gezunn – a koum an d’Grupp C bei Spuenien. Géigner aus dem 1.Lousdëppen sinn wuel net déi wou mer eis mussen zevill Punkten ausrechnen – insofern ware mer eis beim Wichtel an der Stuff eenz, dass mer einfach e Géigner wéilten, bei deem vill Lëtzebuerger mat auswäerts fueren an och d’Areler Strooss wiert ausverkaaft ginn… Däitschland wier do eise Wonschgéigner gewiecht, mat Spuenien ware mer awer alleguer déck zefridden.

E Frëndschaftsmätch tëscht Lëtzebuerg a Spuenien de 7.Juni 2000 war iwweriens de Mätch bei deem ech de „Groundpunkt“ Stade Josy Barthel gemaach hunn. E Gol vum Gaizka Mendieta an der 3.Minutt huet deemols fir d’Entscheedung gesuergt. Och wann ech deen Dag mat mengem Papp niewt der Haapttribün souz erënneren ech mech nach gutt dass d’M-Block Fanatics deen Owend hiere 5.Gebuertsdag gefeiert hunn.

E Welt- an Europameeschter ass natierlech en attraktive Géigner fir all Ekipp. Spuenien ass, egal wou wiert gespillt ginn, sëcherlech eng flott Auswäertsrees wou eng Rei Lëtzebuerger wierten derbäi sinn. Spekulatiounen, a wéinegem Stadion wiert gespillt wäerte mer hei op huelse.lu sëcherlech nach méi wéi genuch ustellen, mee dofir hu mer nach gutt Zäit, do muss ech net schon an dësem Artikel dermatt ufänken.

Aus dem 5.Lousdëppen koum dun Mazedonien an eis Grupp. Genau wéi géint d’Spuenier hu mer och géint Mazedonien nach ni e Pflichtmätch gespillt. Vun deenen 2 Testmätcher déi et bis elo géint Mazedonien goufen hu mer een, am August 2008, mat 1:4 verluer an deen aneren, duerch zwee Goler vum Maurice Deville, den 29.Februar 2012 mat 2:1 gewonn.

Den nächste Géigner dee mer zougeloust kruten war Wäissrussland. Dueller tëscht Lëtzebuerg a Wäissrussland goufen et an den EM-Qualifikatiounen a leschter Zäit schon öfters. An der Campagne 2010/2011 hu mer géint d’Wäissrussen gespillt – 0:0 heiheem an 2:0 zu Minsk verluer, an der Campagne 2006/2007 ware mer och bei de Wäissrussen an der Grupp: 1:2 hu mer heiheem verluer (Lëtzebuerger Gol vum Chris Sagramola) an eis 0:1 Victoire zu Gomel vum 13.Oktober 2007 wiert ville Lëtzebuerger Supporter a gudder Erënnerung bliwwe sinn. Och an der EM-Quali 1994/1995 huet Lëtzebuerg zweemol misse géint d’Wäissrussen untrieden – 0:0 heiheem an 2:0 zu Minsk verluer.

Weider goung et mam Lousdëppen Nummer 3. Hei krute mer d’Slowakei als weidere Géigner an d’Grupp C. Den 9.Februar 2011 waren d’Slowake fir en Testmätch op der Areler Strooss. Dëse Mätch konnt Lëtzebuerg mat 2-1, duerch zwee Goler vum Dan da Mota, gewannen. Och an der WM-Qualifikatioun 2004/2005 war d’Slowakei bei eis an der Grupp. Zu Bratislava hunn d’Léiwen 1-3 verluer. De Réckmatch op der Areler Strooss goung mat 0-4 op Enn. Am Juni 2005 war ech bei dësem Mätch, mat enger Rei Kollegen aus menger deemoleger Lycéesklass, am M-Block. Mir hunn 90 Minutten laang d’Ekipp ugefeiert an hate, grad wéi dat soll sinn, deen Dag drop alleguer keng Stëmm méi. Wi mer deen Dag drop am Kuer souzen an richteg heess waren, huet eise Prof geduecht mir giffen de Geck mat em maachen… those were the days… an erschreckend dass dat schon 9 Joer hier ass.

Soit, net de Moment fir nostalgesch ze ginn, d’Auslousung ass weider gaang. D’Ukraine sollt an eis Grupp kommen. E Fussballsmätch tëscht Lëtzebuerg an der Ukraine gouf et bis elo just eng Kéier, eng 0-3 Défaite fir d’Rout Léiwen an engem Testmätch kuerz virun der WM 2006 op der Areler Strooss.

Perséinlech fannen ech et schued dass mer scho rem kee skandinavesche Géigner hunn, wat schon iwwer 10 Joer net méi de Fall war. Opfälleg ass, dass Lëtzebuerg géint 3 vu senge 5 Géigner an de leschte Joeren eng Kéier gewonn huet. Et ass wuel nach ze fréi fir en genaue Pronostic ze maachen, mee ech woen trotzdem emol ze behaapten dass eng Rei Punkte fir Lëtzebuerg realistesch sinn.

 

 

 

 

 

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.