Lëtzebuerg gewënnt géint RWO

D’lëtzebuerger Nationalequip gewënnt 2-1 zu Rouspert um Camping géint Rot Weiß Oberhausen. An der Paus loungen ons Männer duerch Goaler vu Mutsch an Deville mat 2-0 vir.
An der zweeter Halschent wou e groussen Deel vun onsen Profi’en ausgewiesselt gouwen konnt RWO duerch en Elefmeter op 2-1 verkierzen.
De Luc Holtz huet vum Match profiteiert fir verschidde Spiller nees e bessen Spillpraxis ze gönnen an och e puer néi Spiller am A Kader aus ze probéieren ( Holter, Marvin Martins, De Graça ). Gefeelt hunn déi Déifferdénger an Diddelénger Spiller déi sech de Freiden jo nach ëm d’Lëtzebuerger Coupe streiden.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.