Den Owend spillt ons Nationalekipp géint den Weltmeeschteraspirant Italien zu Perugia. Firwat déi italienësch Fussballfederatioun ons Jongen erausgesicht huet ass kloër. Wéi géint d’Belsch erwarden se e Sparringspartner deen sëch géint eng Néierlag wiert mä deen schlussëndlëch dach verléieren soll. Balotelli a Co sollen sëch halt fir d’Weltmeeschterschaft warm schéissen an Selbstbewosstsein tanken. Obwuel de Mario Balotelli dës sécher net brauch.

Trotzdem ass am Fussball alles méiglëch a meeschtens kennt et net esou ewéi een et sëch erhofft.

Am Match lescht woch zu Genk hunn ons Nationalspiller bewissen datt se mam Ball ëmgoën kennen an aktiv an d’Spillgeschéien intervenéieren wëllen an kënnen. Wann déi individuell Feeler, déi ons géint d’Roud Däiwelen d’Genéck gebrach hunn, agestallt kennen ginn dann kéint een der Squadra haut e Been stellen.

Wéieng Feeler ?
U sëch stoung ons Ekipp zimlëch gutt mä wéinst dem héischen Drécken vun de Belsch hunn ons Vertéideger an ons Mëttelfeldspiller zevill Bäll am Spillopbau verluer. Et huet een verschiddenen vun onse Männer e Mangel u Spillrhythmus ugemierkt. Chanot koum vun enger Verletzung, Philipps, Gerson an Schnell sinn net vill vun hieren respektiven Trainer agesaat ginn. Ob lo eng Woch Preparatioun dës wett machen kann ass quasi onméiglëch mä onser Ekipp zouzetrauen.

En aneren Punkt wier de Risiko e bëssen ze doséieren. Muss wierklëch all Ball kuerz erausgespillt ginn ? Géint d’Belsch si mir esou oft a Bedrängnis komm. Op Italien elo esou e Forcing spillt ass awer net ze erwuarden. Vill méi muss een op Verratti, De Rossi an natierlëch op den Virtuos, Pirlo, oppassen. De lëscht genannten ass de Metronom vun der Ekipp an et ass net seelen daat hien de Rhythmus e bessen eraus hëllt fir dann am richtegem Moment zouzeschloën. Italien spillt meeschtens iwwert d’Säiten an operéiert da gäeren mat langen Bäll aus dem Mëttelfeld eraus.

Fräistéiss verméiden. Säit Joeren ass et eng Krankheet vun onser Nationalekipp, mir machen zevill Feeler an der Géigend vum Strofraum. Wann haut de Pirlo sëch de Ball 20 Meter vrum Goal däerf fir e Fräistouss hileeën dann ass et grad esou geféierlëch wéi en Elefmeter vum De Bruyne.

Watt ons Hoffnung machen kann :

En motivéierten Stefano Bensi deen haut sëcher bis un d’Hoërspëtzen “chaud” ass. Den en oder aner gelongenen Dribbling kann een vum Stef sécher erwaarden. Géint d’Land vu séngen Originen wäert hien sécher erausstiechen. Wee wees vläit fënnt och en italienëschen Klub gefalen u séngem Kënnen.

Den Aurélien Joachim. Onsen Scorer huet géint d’Belsch scho bewissen datt hien en Top Stiermer ass. Op der Bänk zu Walwijk ? Datt hunn déi wéinëgst Observateuren de Méinden zu Genk vertaanen. E Goal wéi aus der Kanoun, eng aktioun wou hien dem Vincent Kompany ( ëmmerhin) de Ball eweghellt an sech géint hien, Ball um Fouss, duerchsetzt.

Ons Troublemaker Mentalitéit. Wéieen Nationalspiller dreemt net dovunner enger grousser Natioun vrun enger Weltmeeschterschaft d’Been ze stellen ? E Match fir d’Geschicht !

20140604-120246.jpg

Share: