Net wéi ursprénglech geplangt mat de Kollegen am Minibus, mä direkt Dënschdes no der Aarbecht mam eegenen Auto ass et Richtung Luzern gaangen, wou den 1.Tëschestopp um Trip Richtung Perugia geplangt war. Hätt ee sech virdrun anstänneg informéiert, hätt een och gewousst datt deen Owend d’Schwäiz zu Luzern géint Peru getest haaten – esou hu mer en neie Groundpunkt elegant verpasst…

Während den Auteur vun dësen Zeilen nach am déifste Schlof loung, huet de Killtäsch-Express (Infos dozou beim Batty o.ä.) mech “iwwerholl”. Muerges géint 8h goung et dunn fir mech weider, och duerch de Gotthard, Richtung Italien. Beandrockend do waren op den Autobunnen e puer Saachen:

a) D’Autobunn Mailand – Bologna, véierspuereg – op all Säit! – 200 km just riichtaus a flaach. A Raststätten an der Gréisst vun enger klenger Stad.
b) D’Autobunn Bologna – Florenz, eng Streck mat vill Kéieren wou d’Italiener (egal ob Auto oder Camion), hiet Slalom-Erfahrungen à la Formel 1 ausprobéiert hunn.
c) D’Schnellstroossen an a ronderem Perugia mat Schlaglächer déi gefillten 50cm déif waren – an där gouf et zu Frecks.

Trotz allem sollte mer ouni gréisser Schwieregkeeten a Form vu Stauen an esou géint 16h wéi geplangt zu Perugia ukommen. Nodeems ech mam GPS wollt bis bei den Hotel fueren, hunn ech an de ganz enke Gaassen iergendwann missen d’Spigel aklappen fir datt den Auto sollt derduerch passen. Dee Versuch hu mer dunn opginn an den Auto ausserhalb vum Zentrum op engem grousse Parking ofgestalt. An dunn emol am Stroossewirrwarr an am Op-an-Of mat Valiss a Rucksak den Hotel gesicht.

Do sinn ech dann wéi erwaart op d’Besatzung vum Killtäsch-Express getraff. Agechecked, geduscht a mat de Jungs an den – wéi sollt et aanescht sinn – Irish Pub 100m nieft em Hotel. No e puer Pints, e puer Snacks an e puer Gesäng op Italo-Lusitano-Lëtzebuergesch goung et dunn mat der saucooler Mini-Metro (DAT wier emol eng Iddi fir d’Stad Lëtzebuerg => //de.wikipedia.org/wiki/MiniMetro) Richtung Stadion, wou och den Terminus vun dësem Zuch war.

Virum Stadion war ganz liichte Chaos. Keng Beschëlderung, eng Ofspärung mat Baugitter wou knapp 3 Leit konnte gläichzäiteg eran a wou der Dausenden wollten duerch. Mir Touristen eis emol domm gestalt an eis fir bäi geschlach, wouduerch mer dann no ca. 15 Minutten um Site vum Stadion waren. D’Security wousst zwar net richteg wuer d’Leit mat bestëmmten Tickée schécken, mä mir hunn natirlech eis Plazen och selwer fonnt. Insgesamt hat d’FLF wuel 150 Tickéen ofgesat, mä dovunner waren 80% Lëtzebuerger Italiener, op alle Fall ware vläicht 20-30 Leit do, déi sech kloer an offensichtlech zum Roude Léiw bekannt hunn. Mä natirlech war et och flott Leit wéi de Manu Cardoni nieft sech sëtzen ze hunn, deem séng Famill eben aus Umbrien, der Géigend vu Perugia, staamt. Fir esou Leit war dee Match eng ganz emotional Gleegenheet.

Virun ausverkaaftem Haus (28.000) ass Italie fréi a Féierung gaangen, no schéiner Flank vum Balotelli huet den Marchisio onhaltbar eragekäppt. Natirlech hat Italien méi vum Match a kee vun eis hätt sech je sérieux mam Gedanke vun engem positive Resultat géint de 4-fache Weltmeeschter gedreemt. Natirlech sinn esou – net eescht gemengten – Aussoe gefall wéi “Italien gewënnt ëmmer just 1-0 a ginn domatter och Weltmeeschter” oder “stell der vir, mir si fréi 1-0 hannen a schéissen dann zum Schluss iergend e blanne Goal” oder “de wäerts gesinn, mir gewannen hei nach 2-1”. Italie war jo och besser, mä eppes aanescht war awer och net ze erwaarden. Eis Jongen hu sech trotzdem séier nom 1-0 gefaangen an op Konter gelauert, déi awer eréischt an der 2.Halschent sollte fir richteg Goalchance suergen. Italien war ze vill inkonsequent an onpräzis, vill Schëss si wäit laanscht gaangen. A wéi se dunn an der 2.Halschent zwee mol just d’Laat getraf haaten, hunn eis Léiwen sech ëmmer méi getraut. Et gouf Aktiounen am Strofraum, e.a. eng Flank vum Mutsch déi de Joachim wollt mam Talon eramaachen, awer verpasst huet. Méi hu mer jo guer net verlaangt. Nee, wierklech net! A ware schon quasi mat engem 0-1 zefridden wéi de Chanot säi Kapp dohinner gehalen huet an déi puer Lëtzebuerger am Stadion ausgerast sinn – an d’Italier eise Jongen duerch Applaus och e grousse Respekt gezollt hunn! Esou vill zum Thema “domm Spréch”, sinn ech dach herno gefrot ginn, ob ech de Match schon gesinn hätt, mat ménger Ausso vun engem spéiden Ausgläich!

Et sollt tatsächlech beim 1-1 bleiwen a mat der Annulatioun vum 1-5 géint d’Belsch hu mer lo an engem Match ee positivt Resultat virun der WM, wouduerch e puer Spréng an der Weltranglëscht vläicht dra sinn. Mä virun allem, mir hunn eng Equipe bei där ee sech op esou Resultater kann astellen! Et ass net méi, datt mer mat Chance eppes rappen. Déi Zäite schéngen eriwwer. An an där do Richtung muss weidergeschafft ginn. Mat ganz staarke Neo-Profien wéi em Dwayne Holter wäerte mer nach vill Freed hunn, esou wéi mat der ganzer Equipe!

No e bësse Gefeiers zesumme mat italienesche Fans (iwweregens beandrockend Stëmmung am Stadion, bedéngt duerch déi vill präsent Ultras vum AC Perugia) si mer dunn lues awer sécher mam Mini-Metreo erem Richtung Zentrum gefuer, wou mer an “eisem” Irish Pub den Owend ausklénge gelooss hunn, ouni vun enger Italienescher Cougar verfouert ginn ze sinn, déi et op baal jidderee vun eis ofgesinn hat an iergendwann esou d’Terrasse vum ganze Pub genervt huet, datt aaner Clienten gaange sinn a sie aus em Café geheit gouf.

Fir eis midd Helden goung et dunn op eng kuerz Nuetsrascht, éier mer no engem spärleche Kaffi muerges erëm getrennte Wéer gaange sinn. De Killtäsch-Express direkt iwwer d’Schwäiz erem heem, den Auteur vum Artikel iwwer eng Schnellstrooss mat erem Tonne Lächer laanscht Cesena, Bologna a Verona op de Gardaséi gefuer ass, wou alt erëm eng Nuecht Tëschestop gemat gouf, natirlech an engem héichklassegen Hotel!

No enger wonnerbare Iwwernuechtung mat Kaffi op der Terrasse goung et weider Richtung Wiesbaden, iwwer de Brenner, Innsbruck, de Fernpass op déi däitsch A7 Richtung Norden a vun do un goung iergendwann alles schief. Annerhallef Stonn laanscht Stuttgart (ca. 15km), dunn nach 18km Stau Richtung Heilbronn hu mech dertzou beweegt eng Landkaart ze kafen an iwwer d’Landstroossen Richtung Rhein-Main ze tingelen, fir dann do amplaz géint 16h um 20h30 zu Wiesbaden unzekommen, wou méng Madame op engem Turnéier war.

Péngschtméindeg goung et dunn – no weideren sportlech positive Resultater am Dressurreiden – endlech “richteg” Richtung Heemecht, wou mer géint 12h zu Waasserbëlleg iwwer d’Grenz gefuer sinn, fir eng knapp hallef Stonn méi spéit endlech doheem ze sinn. 2400 km a 6 Deeg, alles tip top gaangen bis an denen 2 Länner, déi keng Bezuelautobunnen hunn (D & L)!

PS: Fotoe vum Match ginn et keng, de klengen Apparat hat gestreikt, dee groussen hat ech net matt an de Stadion.

Share: