D’WM steet kuerz virun hirem Ofschloss, d’Lëtzebuerger Veräiner hunn an Europa leider ze fréi missen Äddi soen – trotz deels gudde Leeschtungen – déi verbleiwend Veräiner si schonn erëm an der Preparatioun fir d’nei Saison an de Programm vun eise Roude Léiwen fir déi nächst 2 Joer steet och scho méi oder wéineger.
Alles wéi gehabt bis elo – oder dann awer vläicht net? Well en Vue vun der Euro 2016 an eisem Nopeschland Frankräich ginn a gewësse Supporterkreesser Gedanke gesponnen, déi vläicht net total abwegeg sinn: nämlech mat Gléck a Chance kënne bei deem Turnéier derbäi ze sinn! Verréckt? Sécher! Novollzéibar? Op alle Fall! Réaliséierbar? Net onméiglech!
Lëtzebuerg spillt an enger Grupp zesumme mat dem demontéierte Weltmeeschter vun 2010, Spuenien, mat der politesch onsécherer Ukraine esou wéi mat Wäissrussland, Mazedonien an der Slowakei.
Eng kleng Iwwersiicht iwwer dës Géigner soll eis elo e puer Argumenter liwweren, firwat een un esou eng Sensatioun kéint gleewen, och wa mer ganz virsiichteg bleiwen.
a) Spuenien: normalerweis gëtt et hei näischt ze radetten, weder doheem, nach auswäerts an eis Jonge wäerten och dem 1. an der Weltranglëscht a séngem Renouveau kaum wäerte Paroli bidde kënnen. Mä am Testmatch an Italien gouf gewisen, datt ee géint e fréiere Weltmeeschter (Plaz 9 an der Weltranglëscht) op engem gudden Dag kann eppes rappen. Pronostic: 0 bis 1 Punkt(en) an 2 Matcher géint Spuenien.
b) Ukraine: d’Ukraine ass 16. an der Weltranglëscht an u Frankräich an de Play-Offs fir Brasilien gescheitert. Normalerweis géif hei dat selwecht gëllen wéi fir d’Matcher géint Spuenien. Mä wéi wierke sech déi politesch Onrouen dohannen op d’Equipe aus? A besteet net esouguer de Risiko, datt d’Equipe, wéi deemools beim Biergerkrich a Jugoslawien, zerfällt a vill gutt Spiller net méi fir déi selwecht Natioun oplafen (kënnen)? Mä wa mer realistesch bleiwen gëtt et och hei de Pronostic: 0 bis 1 Punkt(en) an 2 Matcher géint d’Ukraine.
c) Slowakei: Virun 3 Joer hu mer géint d’Slowakei am Niwwel 2-1 gewonn, duerch 2 Goaler vum Dan Da Mota. Do virdrun an 2 Qualimatcher (2004/2005) 0-4 an 1-3 verluer. Mä dat waren aner Equipen! Mat Chance ass géint d’Slowakei erëm eppes dran, zemools eis Equipe sech weider entwéckelt huet. Pronostic: 1-3 Punkten an 2 Matcher géint d’Slowaken.
d) Mazedonien: 80. op der Weltranglëscht (37. an Europa). Virun 2 Joer hu mer 2-1 géint déi an engem internationale Frëndschaftsmatch gewonn. Interessant ze wëssen ass hei, datt Mazedonien 2 Plazen an Europa an 3 Plazen an der Weltranglëscht virun Aserbaidschan läit, géint déi mer an der leschter Campagne 2 Punkte kruten, der awer mindestens 4 hätte misse kréien. Gi mer dovunner aus, datt Mazedonien an Aserbaidschan op engem Niveau leien, komme mer op folgende Pronostic: 2-4 Punkten.
e) Wäissrussland: copy-paste fir Wäissrussland, 82. op der Welt, 38. an Europa, d.h. eng Plaz hanner Mazedonien, eng virun Aserbaidschan. Well mer traditionell awer géint Wäissrussland nach ëmmer gutt ausgesinn hunn, e liicht verbesserte Pronostic: 3-6 Punkten!
Lëtzebuerg kraucht op der Plaz 119 op der Welt ronderëm (46 an Europa vu 54). Natierlech muss alles klappen, d’Profien musse fit a gutt drop sinn, d’Equipe muss funktionéieren, soss sti mer séier och erëm mat 0 Punkten do. Mä bei där aktueller Equipe an der Entwécklung, wier dat Schwaarzmolerei. An et bleift ofzewaarden, ob de Luc Holtz senger Devis vun der leschter Campagne wäert trei bleiwen: nämlech méi Punkten ze kréie wéi an der Campagne virdrun. Dat wieren der dës Kéier mindestens 7. Wat awer net géif duergoen, fir 3. an der Grupp ze ginn, wat awer méi wier, wéi fir d’WM. Op der anerer Säit wäerten och eis “kleng” Géigner genau esou rechne wéi mir, nämlech datt et ni esou einfach wäert sinn, op eng Euro ze fueren wéi 2016.
Dofir ass et un eis all, un alle Futtballfrënn zu Lëtzebuerg, sech mat Abo’en an Tickéen anzedecken, de Stadion ze fëllen, Stëmmung ze maachen an eiser Equipe de Réck ze stäipen!
Maacht all matt bei eiser “Road to France!” – näischt ass onméiglech, wann een zesummenhält!
Roude Léiw – Huel se!
An hei sinn all d’Infos fir en Abo ze bestellen: //www.facebook.com/events/1557198084507630/?ref=3&ref_newsfeed_story_type=regular
Nach eppes Interessantes zu dësem Thema:
//de.wikipedia.org/wiki/Liste_der_L%C3%A4nderspiele_der_luxemburgischen_Fu%C3%9Fballnationalmannschaft#cite_note-2
//www.wort.lu/de/politik/editorial-zusammenhalt-53c4af62b9b3988708045d32