Lëtzebuerg verléiert en Testmatch géint Fortuna Köln mat 0:1 – krut dobai awer och 3 Goaler wéinst Abseits net unerkannt. De Gerard Mersch a Jeff Lascak hun iwwerdeems hiren Debüt gefeiert.
Dobai huet den daitschen Drëttligist, deen ouni eng Rei Stammspiller ugetrueden ass, d’Lëtzebuerger amfong net viru gréisser Problemer gestallt: et waren d’Roud Léiwen, déi sëch virun allem am Ufank mat schnellem Direktpassspill eng Rei Goalchancen erausgespillt hun. Zwou Honnertprozenteger dovun konnt den Toni Luisi net verwerten – an ee flotte Goal vum Bensi, deen de Keeper schon iwwerlobt hat, gouf wéinst Abseits zeréckgepaff. Fortuna koum dun zwar besser an d’Spill, richteg kloer Goalchancen konnten si sech awer net eraus spillen. Kuerz virun der Paus awer huet dun de Kialka ee Ballverloscht vun de Lëtzebuerger aiskaal ausgenotzt.
No der Paus koumen Dragovic, Hoffmann, Delgado an Martino fir Payal, Todorovic, Schnell an Turpel. No enger gudder Kappballchance vum Deville goufen dun zwee Goaler vun Laterza a Bensi wéinst angeblechem Abseits oferkannt. Fortuna Köln koum an der zweeter Halschent och besser an den Trëtt, an sou huet den Anthony Moris direkt e puer Mol ganz gudd reagéiert an ee méi héije Réckstand verhënnert.
Kuerz viru Schluss koumen mam 17-jähregen Gerard Mersch nach de Wëltzer Lokalmatador zu sengem éischten (inoffiziellen) Asaz an der Nationalekipp, a kuerz drop och de Jeff Lascak, deen d’Victoria Rouspert bal am Allenggang an d’BGL Ligue geschoss hat.
Alles an allem wier vlait ee Remis méi gerecht gewiecht: och ouni eis Profi’en (mat Ausnahm vum Moris) war kee Klassenennerscheed zum daitschen Drëttligist ze gesinn. Dëst mecht Hoffnung fir déi kommend EM-Kampagn!