Siwe Liewen wéi eng Kaatz ?

De Volléksmond schwetzt jo gäeren vun der Kaatz mat de siwe Liewen a muncher ënnersträichen dëst och mat Geschichten déi dëse Mythos beféieren. Ëch erënnere mëch oft un eng Geschicht déi ech erzielt krutt, ët soll mol eng Patrouille Polizisten wéinst enger tollwütëger Kaatz geruff gi sinn. Wou se Déier an engem Schapp fonnt hunn hätten se probéiert de Kueder ze fänken. Dëse war awer anschéinend esou agressiv datt d’Polizisten décidéiert hunn d’Déier ze erschéissen. Dir kennt iech bestëmmt firstellen wéivill Kugelen se gebraucht hunn bis de Kueder erleedegt war, genee siwen.

D’ M-Block Fanatics krutten scho puer Kugelen of, wéivill kann een net soën, de “Fanklub” loung och schonn oft am Koma mä huet sëch bis lo emmer nees opgerappt.

Klénge Bléck zeréck

20140909-101538.jpg

Am Joer 1995 hu sech e puer Léit zesummegeschloss fir den M-Block Fan-Club Luxembourg a.s.b.l op d’Been ze stellen. Aus deenen wéinëge Léit sinn der ënnerhalb e puer Méint schnell ëm déi 500 ginn. Beféiert vun der historëscher 96’er Europameeschterschaftqualifikatioun koumen d’Fans Masseweis an d’Kéier hannert dem Goal. Zur sëlweschter Zäit huet sëch nieft dem “M-Block” mat den “Ultras 95 Lëtzebuerg” e wéideren Grupp, awer kuerzliewegen, am Block gebildt.
An de folgende Méint konnt och schonn eng Choreographie an e Fanzine presentéiert ginn. Lëschteren huet sëch “Huel Se!” genannt.
Et huet dunn nach e puer Joer gedauert bis Auswaertsmätcher organiséiert gi sinn. Den M-Block ass dann och a sëlleche Länner onse Jongen nogefuer an huet hinnen den néidegen Support am Ausland ginn.

20140909-101701.jpg

Den Éisléckerboom

20140909-101810.jpg

Ëm d’Joerdausendwenn war et dunn awer mat der Herrlechkeet eriwwer, entäuschend Leeschtungen um Feld, Meenungsverschiddenheeten mat FLF a Sécherheetsfirmen, M-Blocker déi manner Zäit wéinst Famill an Arbëscht hatten, keen Zouwues a generellem Désinteressi un der Nationalekkip hunn dozou gefuert datt den M-Block kuerz vru séngem Enn stoung.
Den haarde Käer deen deemols nach am Block stung a gesongen huet, konnt e mat zwou Hänn zesummenzielen. Dës Léit hunn während laanger Zäit den M-Block artifiziell um Liewen erhallen an och bei ganz grausamen Prestatiounen um Terrain huet de “Spirit” vun engem Supportertum am Josy geweht. Lues a lues huet de “Fanclub” sëch erkritt an duerch en Zouwues vun ongevéier 50 Éislécker konnten d’M-Block Fanatics 95, wéi en sëch entretemps genannt huet, 2005 beim Match géint d’Slowakei 10 Joer féieren. Ët gouwen nees Tifo’en organiséiert, Versammlungen gehaalen, Auswaertsmatcher geplangt, den Austausch mat der FLF verbessert, sëch fir en néien Stadion ausgeschwat an den M-Block Forum krutt nees néien Opwand.

20140909-101925.jpg

E puer Gäng zeréck

20140909-102033.jpg

Mä och héi huet et e puer Joër gedauert an den M-Block huet lues a lues nees u Memberen verluer. Meenungsverschiddenheeten par rapport vun engem Tribunewiessel op d’Tribune de Face, M-Blocker déi manner Zäit hunn, Jonker déi an d’Ausland studéieren gangen sinn, eng manner gutt intern Organisatioun, etc hunn dozou gefuert datt nach lescht Weltmeeschterschaftkompagne ëmmer manner Léit de Wee an d’Kéier fonnt hunn. Den Internetsite an de Forum lungen ( a laien nach ëmmer) brach, den Banner war verschwonnen, wéinëg Nowues, wéinëg Stëmmung. Aus dem harde Käer vu Fréier blouwen der nëmmen nach e puer iwwrëg. D’Situatioun war net esou einfach an d’Zukunft vum M-Block war ongewëss.

Lëftchen oder Obwand ?

20140909-102624.jpg

Duerch eng attraktiv Spillweis a positive Resultater vun der Ekipp, d’Obruffen vun Aktiounen (z.B. “ALLez ROUD” beim Nordirland Heemmatch), Gestaltung vun Fanmatcher, koum nees e bësse Bewegung an datt Ganzt. Och onse Blog, huelse.lu, schéinnt bei de Léit nët schlecht unzekommen an indirekt och dozou bäizedroën datt den M-Block interessant ass oder gëtt. Den Nordirland Heematch war sécher e vun de schéinsten Erliewnisser vun de leschte Joër.
Beim éischten Heemmatch vun der EM-Quali 2016 géint Belarus war den M-Block nees gutt besicht, et gouf gesongen, Faarw bekannt, e March op de Stadion organiséiert. Datt den M-Block vun der FLF zum Gratisblock fir deen Match ernannt gouf huet de Fanatics sécher an d’Kaart gespillt an ët bléift spannend op den Trend och an Zukunft an déi selwescht Richtung geet. Elementar dobäi sinn d’Organisatioun, d’Vergréisserung vum haarde Käer, d’Relatiounen mat der FLF opriicht erhalen an datt de Verantwortléch andauernd fir Nowues suergen.

Wéi et schéinnt ass nët nëmmen um mä och nieft dem Terrain en Ëmbroch méiglëch, schonn beim Auswaertsmatch zu Genk huet en néi Gesichter gesinn an d’Léit erbléckst déi Verantwortung fir d’M-Block Fanatics 95 huelen kennen, mussen. An engem Joer bléisst den M-Block 20 Käerzen, do kennen sëch déi “néi” beweissen.

D’Fanatics kennen jo vun den fréieren Feeler a Problemer profitéieren fir de Fanclub ze stabiliséieren. Well wann datt mat de siewe Liewen stëmmt sinn och déi nët éiwëg.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

4 thoughts on “Siwe Liewen wéi eng Kaatz ?

  1. benem 9. September 2014 at 10:27

    Paradox hun ech emmer fond, dass während enger Zait de “Trend” am M-Block emgedréint zur Leeschtung vun der Ekipp gelaaf ass. Den M-Block war méi oder wéineger um Héichpunkt (also mol vun där Zait, déi ech matgemaach hun, ab ca. 2003), wéi d’Ekipp um Déifpunkt war. Ech erennere mech nach un ee Match dee mer sang- und klanglos mat 0:3 verluer hun, trotzdem war et een vun deene Matcher, wou déi beschte Stemmung am Block gemaach gouf. Wat d’Leeschtungen vun der Ekipp awer besser goufen, wat manner Leit an de Block koumen an emmer manner “gelaaf” ass, déi “aal” manner aktiv goufen an keng “jonk” baikomm sinn.

    Geschter war mol rem engkéier stëmmungstechnesch ebesse wéi an “aalen Zaiten”. D’Gratis-Ticketen waren déi richteg Aktioun zur richteger Zait – hoffe mer, dass et esou weider geet an et rem biergop mam M-Block geet!

    Antworten
  2. Luxpjamer 9. September 2014 at 13:05

    Deemols hu mir ons einfach sëlwer ënnerhalen. E vun onse Gassenhauer war “Schäiss egal, Schäiss egal,…”. Mir hunn ons selwer celebréiert, watt ass ons dann iwwreg bliwwen, Novembermatcher am Reen, um Terrain scho nees demontéiert ginn, hätte mir ons net gehatt wiere mir guer net méi komm an d’Keier wier ausgestuerwen.

    Déi déi lo beikommen kennen sech guer net firstellen watt datt war. All Match verluer, 12 Joer lang, näischt. Ech ka mech mol net erenneren datt mir e Virbereedungsmatch géint e Regionalligist mat engem positive Resultat bestridden hätten.

    Ech muss mech haut pëtzen fir ze gleewen wéi mir spillen. Mir hatte gescht geschätzten 8 Goalchancen. Deemols hu mir ons gefreet wa mir iwwerhaapt e Schoss a RICHTUNG goal ofginn hunn. Ech si mir sécher datt mir joerelang net esouvill Goalchancen hatten wéi gëscht a 60 Minutten
    Onsen absoluten Highlight war deemols en 3-4 géint Lettland.

    Mee déi Zäit huet ons esou geprägt dat mir nach ëmmer dobäi sinn, a wéienger Form och ëmmer, reesen Auswaerts mat a bleiwwen mat béide Féiss um Buedem. Een deen d’Hell erlieft huet gewinnt sëch nët esou schnell un de Paradéis

    Antworten
  3. Luiz 9. September 2014 at 14:02

    Haha, effektiv, deen 3-4 géint Lettland war déi éischt Kéier wou ech am M-Block stoung. Gëscht op den Dag 10 Joer hier! E Mount méi spéit hu mer dun 0-4 doheem géint de Liechtenstein verluer…

    Antworten
    1. Luxpjamer 9. September 2014 at 16:42

      Däin éischten ?
      Oh Fréck, wat sinn ech aal 🙂

      Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.