Architektebüro vum neie Stadion ass bekannt

Wéi verschidde Lëtzebuerger Medien mellen, ass elo bekannt, wéi eng Firma den Zouschlag fir de Plang vum neien Nationalstadion op der Kockelscheier krut. Gewonn huet déi däitsch Firma Gerkan, Marg & Partner (GMP). A ronn 6 Méint soll dann e Masterplang virleien.

GMP huet ënner anerem Stadien fir d’WM 2006 an Däitschland, 2010 a Südafrika an dëst Joer a Brasilien gebaut. GMP ass awer net ganz onemstridden, e puer vun hire Projet’en sinn bzw. ware säit Joren an der Kritik (e.a. de Fluchhafen Berlin-Brandenburg (D) oder den Amazonas-Stadion zu Manaus (BRA)).

Op der anerer Säit huet d’Firma awer och etlech Präisser gewonnen, e.a. fir den Nationalstadion Warschau (PL), dee fir d’EM virun 2 Joer gebaut gouf.

Hoffe mer, datt de Stadion elo no funktionellen an effiziente Pläng ka gebaut ginn, fir datt d’Käschten net explodéieren an datt et mat Zäite viru geet. Laut aktuellem Plang soll déi nei Arena op der Kockelscheier Enn 2018, Ugangs 2019 stoen.

GMP: www.gmp-architekten.de
Quellen:
www.wort.lu
www.rtl.lu
www.lessentiel.lu

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.