Nom Spuenien-Match ass virum Ukraine-Match. An duerch d’Kombiticketen – d’Iddi war prinzipiell net schlecht – misst de Match an engem Mount géint d’Ukraine deemno och ausverkaf sinn. Ob elo Leit vun Oochen a vu soss méi wäit ewech, déi dëse Sonndeg e.a. Tickete fir den M-Block haten, extra fir dee Match nach eng Kéier op Lëtzebuerg kommen, ass awer ze bezweifelen.

Ob all Spuenier deen hei am Land wunnt kënnt, ass och net sécher. Wann all Lëtzebuerger kënnt, kéint et awer sinn, datt nach ronn 4000 Leit géint d’Ukraine wäerten op d’Areler Strooss kommen, wat sécher net schlecht ass. Plus Auswäertsfans – oder net?

Bekanntlech hat d’FLF jo de komplette Kontingent fir den offizielle spueneschen Auswäertsblock (C, 1000 Plazen) zréck kritt. A wann een der Press an der Federatioun ka gleewen, sinn dës Ticketen (genau wéi déi zousätzlech gewonne Plazen, nodeems se der net esou vill hu misse fräiloossen wéinst TV & Sécherheet) och an engem zweeten an drëtte Virverkaf just an der Kombo mat der Ukraine verkaf ginn.

Also nach eng Kéier: 1000 Ticketen fir de Géigner sinn un x-belibeg Leit just a Kombinatioun mam Ukraine-Match verkaf ginn, wann d’Informatioune stëmmen. D.h.: et gi keng Ticketen an d’Ukraine! Ob elo vun do 1000 Leit géife matkommen ass eng aner Fro. Mä wat mécht d’FLF, wann elo e puer Honnert Ukrainer ouni Ticket op Lëtzebuerg kommen am November? Ginn da Plazen duebel verkaf? Gi se virun der Dier stoe gelooss?

D’Äntwert wäerte mer spéitstens de 15.November hunn. Bis dohinner verbleiwe mer an der Hoffnung op e richtegen Heemmatch géint d’Osteuropäer!

Share: