Eigentlech huet alles ugefaang Moies beim Kaffi am Days Hotel zu Belfast, den Dag nom 1-1. D’Nationalekipp weist e kloeren Opschwong, den M-Block Forum ass säit Méint, wann net Joren verweist, d’Facebook ass eben d’Facebook an irgendwéi ware mer der Meenung dass een eng nei Plattform bréicht fir iwwer de Lëtzebuerger Fussball ze berichten an ze diskutéieren.
Et gouf iwwert en Numm nogeduecht – an mir hu geduecht, et wier flott d’Traditioun vum fréiere Fanzine ( = eng Stadionzeitung vu Fans fir Fans) „Huel Se!“ wou och nach puer vun eisen Auteuren fréier matgeschafft hunn, weiderzeféieren an den Numm ze iwwerhuelen.
E knappe Mount méi spéit si mer online gaang an hunn éischt Artikelen op huelse.lu publizéiert. Et gouf vun eisen Auswäertsreese bericht, iwwert d’Nationalekipp an hir Zukunft philosophéiert an d’Stadiondiskussioun, déi eigentlech lues awer sëcher zum Patrimoine culturel vu Lëtzebuerg gehéiert, gouf vu bannen a baussen beliicht. Munchmol goung et awer och manner eescht zou – an esou Momenter hu mer dann, zum Beispill, Auslousunge simuléiert. Besonnesch houfreg si mer awer, dass et och Momenter goufen, wou Nationalspiller bei eis zu Wuert komm sinn – oder sech via Facebook interaktiv ageschalt hunn, sief et mat engem Commentaire oder engem „Like.“
An der Praxis gesäit et momentan esou aus dass op der Websäit huelse.lu virun allem Bäiträg erstallt ginn. Diskussiounen driwwer entstinn meeschtens net op der Säit selwer, mee éischter op der Facebooksäit, déi mer parallel zu huelse.lu erstallt hunn, fir op d’Websäit opmierksam ze maachen. Dat war net sou geplangt, mee dat ass tiptop esou.
Et brauch ee keen Expert ze sinn fir erauszefannen dass mir vum Huelse keng professionnel Journalisten sinn. Dat ass och gutt esou. Mir si Fans vum Fussball, beschäftegen eis vill mat deem Thema a verdénge keng Suen mat eisem Blog oder eisem Hobby als Fussballfans – eigentlech ass suguer de Géigendeel de Fall.
Mee genuch vun eis: et geet haut em Iech! Dass den Huelse dee Succès huet deen e momentan huet ass zum groussen Deel och eiser Facebooksäit ze verdanken. Dir hudd eis Säit geliked, eis Artikele geshared a kommentéiert, an eis är Meenung matgedeelt – an esou kënne mer haut houfreg matdeelen, dass eis Facebooksäit elo iwwer 1000 Likes huet. Iech alleguer dofir e ganz grousse Merci!