De Yannick Bastos steet verschiddene Medien no vrun engem Wiessel op Waasland-Beveren.
De belschen éischt Liguist, deen momentan géint den Ofstieg spillt, test den 14 November onse Nationalspiller an engem Frënndschaftsmatch. De Géigener steet nach net fest.

De Bastos deen sech nieft dem Trainingsbetrieb vun Déifferdéng och individuell fit hällt géif och bei aner Profisveräiner am Focus stoën.

No der Erkenntnis datt den englësche Fussball net de richtegen fir den offensiv Spiller wär, hat den Bastos a säin Agent, no den 8 Méint bei den Wanderers vu Bolton gemengt datt de belschen oder den hollänneschen him éischter entsprieche géifen.

Share: