De Samsdeg 15ten November 2014 spillt ons Lëtzebuerger Fannationalekipp e Match géint eng Auswiel vun ukrainesche Supporter.
Wéi scho géint Nordirland ass och dës Kéier de Ludovic Dubois den Trainer.
Huelse hatt d’Éier hien fir e kuerzen Interview um Telefon ze erreechen.
Herr Dubois, schéin nees eng Kéier eppes vun iech ze héieren. Wou sidd dir da lo drun ?
Moie Kléngen. Wéi et onschwéier um Kaméidi ze erkennen ass, setzen ech grad zu Pataya an enger Bar a waarden drop datt dëst Gespréich zu Enn ass fir mol richtëg lass ze leeën.
Dir sidd an Thäiland ? Waat macht dir dann do ?
Ma wat mengs du dann? Datt wëlls du net wësse sos muss de direkt beichte goen ( haart Gelaachs a Gegrunz ). Ech hu mech hei niddergelooss well ech war es midd ëmmer nees vun der ADEM gesot ze kréien ech wier iwwerqualifizéiert a se kéinte mir keng Aabescht fannen. Sou ass datt wann’s de 20 Joer an d’Schoul gaange bass.
Mä wann ech mech richteg erënneren hued dir dach just eng 9ième Modulaire ?
An dann ? 20 Joer sinn 20 Joer just héi an Thailand net ( schonn nees laacht en sech en Eck ewëg)
Watt hutt dir da lo dohanne gemeet ?
Ma ech war Rettungsschwëmmer an hunn eng gewëssen Zäit do um Strand geschafft. Ech soen dir eppes, Männchen, esou en Ubléck haas du nach ni. Datt ass e Genoss deene Meedëcher hei nozekucken. Schued datt se mech no 3 Wochen eraus gehäit hunn. Mä datt ass e Skandal, wéi konnt ech wëssen datt een dofir Schwamme kënne misst !
Ok, da komme mir zu engem aneren Thema. En Trainer, wéi dir e sidd huet, jo bestëmmt net vum Terrain loosse kennen.
Datt sees de gutt Jéng’chen. Ech hunn hei eng Ekipp trainéiert, zweet Liga, onméiglechen Numm. Datt war e bësse kurios. Krut mol heinsdo eng Enveloppchen an hunn dei dem Arbitter weiderginn. An zack, 3 Goaler an der 90ster, 97ster an 105 Minutt. Trotzdem krut ech Problemer well et net gutt ukomm ass wéi ech menger Ekipp gesot hunn mir sollen e Match verléieren. Wa mir gewonnen hätten hätte mir de Week-End drop och spille missen an ech hätt keng 200€ kritt. Wéi domm muss en da sinn ?
Lo, mol zréck bei ons Fannationalekipp. Dir sidd erstaunlëcherwéis nach e Mol als Trainer designéiert ginn. Wéi koum et dozou ?
Männi, et gi Léit déi hëllefen de Blanner iwwert d’Strooss an anerer rette Pinguinen. Ech probéiere Fussballdyslexiker bäizebréngen e Ball ze stoussen. Du misst mol gesi wéi se sech freeë wann se de Ball richteg treffen. Herrlech.
Wéi mengt dir dann datt de Match ausgeet ?
Hues de déi Léit gesinn déi nominéiert sinn ? Mengs de mir hätten eng Chance ? Nee, a grad déi wëlle mir notzen. A se hu besser se katzen nom Match hier Mammemëllech nees eraus !
Zeréck zu iech. Et gëtt gemunkelt dir hätt eng Alkoholskrankhéet. Ech ? Waat soll datt heeschen. Ech si säit 7 Méint drëchen. Ech drénken nëmmen nach DRY Gin ! ( scho grunzt en wéi e Schwäin wat leefeg ass)
Merci fir d’Gespréich a bonne chance fir e Samsdeg
De Kader :
Fabien Olsem, Paul Krier , Dan Frederes , Raym François, Kevin Dechmann, Mich Delleré , Max Wies , Christophe Rehlinger, Sven, Basti Schroeder, Eric Offermann, Gilles Moos,Andy Kil, Marc Goeders, Joe Feller
De Match gett um 11 Auer gespillt. Et ass awer nach net gewosst wou. Wéider Informatiounen komme no.
Hate mir deemols en Trainer? 😉
Natierlech, firwat mengs de dat mir esou gutt waren !