Viva la Revolucion oder Same Procedure as Every Year?

Den 29.Mee 2015 gëtt emol rem e Präsident fir d’Fifa gewielt. 4 Kandidate stinn zur Debatt. Et sinn dësst den amtéierende Präsident Sepp Blatter an e vu senge sëlleche Vizepräsidenten, de jordanësche Prënz Ali bin al Hussein.

Dobäi kommen dann nach zwou e bëssen iwweraschend Kandidaturen, vu Leit deenen duerchaus en opriichtege Wëllen zouzetrauen ass d’Fifa ze moderniséieren. Zum engem de Luis Figo, ee vun de beschte Fussballspiller vum leschte Jorzéngt, an de Michael van Praag, aktuelle Präsident vum KNVB, der hollännescher Fussballsfederatioun.

Den Artikel 17 vun den „Electoral Regulations for the FIFA Presidency“ regelt den Oflaf vun der Wahl. De Präsident gëtt vum Fifa-Kongress gewielt. Am Kongress huet all Membersverband, also och d’FLF, eng Stëmm.

Fir am éischte Wahltour Präsident ze ginn, muss een mindestens zwee Drëttel vun de Stëmmen kréien. Trëfft dësst op kee vun de Kandidaten zou, gëtt et en zweeten Tour. An dësem zweeten Tour brauch een fir Fifa-Präsident ze ginn iwwer 50% vun de Stëmmen.

Falls méi wéi 2 Kandidaten do sinn ass et méiglech dass am 2.Tour och nach kee Kandidat 50% vun de Stëmmen kritt. Dofir gëtt ab dem 2.Tour an all Tour dee Kandidat mat de mannste Stëmmen eliminéiert – soulaang bis ee Kandidat 50% vun de Stëmmen an engem Wahltour kritt. An anere Wieder: sollt de Sepp Blatter am éischten Tour méi ewéi zwee Drëttel vun de Stëmme kréien, kann de Kongress direkt dono geschlossen op den Aperitif goen an de Blatter bleiwt Präsident.

De Michael van Praag huet den 28.Januar zu Amsterdam eng Pressekonferenz ginn wou en seng Kandidatur präsentéiert huet. Do sot hien ganz däitlech, dass d’Fifa sämtlech Credibilitéit verluer hätt, an de Verdacht vun Interessenskonflikter, Vetternwirtschaft a Korruptioun omnipräsent wier. Hien wëllt d’Fifa moderniséieren, an dëss Moderniséierung géif domatt ugoen, rem derfir ze suergen dass „normal Verhältnisser“ bei der Fifa antreffen. Doriwwer eraus stellt de van Praag kloer, dass hien just wëllt fir 4 Joer Fifa-Präsident ginn.

Ähnlech Usiichten huet de Luis Figo de selwechten Dag an engem Interview mat CNN reveléiert: och hien wëllt eng méi transparent Fifa. Hie betount a bedauert, dass „Skandal“ sou zimmlech dat éischt Wuert ass, dat optaucht wann een um Internet no der Fifa sicht.

„Et geet net em mech, et geet net em de Sepp Blatter. Et geet emol suguer net em d’Fifa. Et geet em dem Fussball seng Zukunft!“

De Paul Philipp geet an engem Interview mat wort.lu dervun aus, dass de Blatter, opgrond vu senger grousser Ënnerstëtzung an Afrika, Asien, Südamerika an Ozeanien, d’Wahlen kloer fir sech wiert kënnen entscheeden. Dass virun allem Europa eng Ännerung un der Spëtzt vun der Fifa wëllt gëtt scho kloer wann ee gesäit wéieng Federatiounen de van Praag an de Figo nominéiert hunn: Belsch, Schweden, Schottland, Rumänien, d’Färöer Inselen an Holland hunn de van Praag nominéiert, Lëtzebuerg, Dänemark, Mazedonien, Montenegro, Polen a Portugal de Luis Figo… allen 12 Länner sinn UEFA-Memberen.

Et schéngt e kloeren Trend ze sinn, dass Europa hannert dësen zwee Kandidate steet… an d’Uefa-Memberen, déi ronn e Véirel vun de Stëmmen am Kongress vun der Fifa ausmaachen, zum groussen Deel op dëss zwee Kandidaten opgedeelt ginn – et ass awer laut spiegel.de duerchaus méiglech dass de Prënz Ali bin al Hussein och nach eng Rei europäesch Stëmmen kritt.

Et wiert also, wann dem Paul Philipp seng Aschätzung stëmmt, drop erauslafen dass de Sepp Blatter sech kloer kann duerchsetzen. Och wann d’Chance, de Blatter vum Troun ze stoussen nach ëmmer kleng wier, wier et wuel dach méi realistesch wann d’europäesch Verbänn, an all aner Verbänn déi eng Ännerung un der Spëtzt vun der Fifa wëllen mat enger Stëmm géife schwätzen.

Och wann den Asaz vun den Häre Figo an van Praag fir eng Ännerung un der Spëtzt vun der Fifa ze kréien absolut luewenswäert ass, sou wieren d’Chancen op en Erfolleg dach méi grouss wann just ee vun hinnen zwee kandidéiert hätt aplaz dass se sech géigesäiteg d’Stëmmen „eweghuelen“… wëll wéi sot de Michael van Praag sou schéin: „Et geet net em mech, et geet net em de Sepp Blatter. Et geet emol suguer net em d’Fifa. Et geet em dem Fussball seng Zukunft!“

 Quellen:

//www.wort.lu/de/sport/fussball-fifa-praesidentschaftswahl-flf-unterstuetzt-figos-kandidatur-54cbaa180c88b46a8ce528b2

//www.fifa.com/mm/document/affederation/president/02/36/81/99/fifaelectoralreg_neutral.pdf

//www.spiegel.de/sport/fussball/fifa-fuenf-kandidaten-wollen-sepp-blatter-abloesen-der-check-a-1015214.html 

//de.fifa.com/aboutfifa/organisation/bodies/congress/fifacongress.html

//home.knvb.nl/nieuws/michael-van-praag-a-president-for-all-countries/

//edition.cnn.com/2015/01/28/football/fifa-president-luis-figo-real-madrid-barcelona/

 

 

 

 

 

 

 

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.