Sch**ss drop, Logroño ass nëmmen e mol am Liewen

Säitdem Lëtzebuerg Spuenien an der Auslousung vun der Qualifikatioun fir d’EM 2016 zougeloust krutt, war ët eng vun den spannensde Froën ënnert de Supporter vun onse Roude Léiwen, “Wou méngs du wou mir a Spuenien spillen ?”.

D’Äntwert koum haut vum spuenësche Verband a méi wéi een wäert entäuscht sinn datt net zu Barcelona, Madrid, Valencia, Sevilla oder dem Fan-Favorit Mallorca mä zu Logroño gespillt gëtt.

Logroño läit am Norden vu Spuenien an ass d’Haaptstadt vun der Autonomer La Rioja Gemeinschaft a läit genee ënnert dem Baskeland. Bis op Madrid sinn et 336km, Barcelona 478km a Bilbao trennen 156 km vu Logroño.
image
La Rioja ass dozou eng weltbekannte Wäiregioun an bidd den Touristen seeleg Attraktiounen ronnderëm de Bodegas.

image
Zu Logroño gëtt natierlëch och Fussball gespillt an datt mécht den CD Logroñés am Estadio Las Gaunas.
image
Den 16000 Zuschauer fassenden Stadion gouf 2002 agewéiht an huet bis elo en offiziellen Lännermatch empfangen.
Am Kader vun der EM-Quali 2012 huet La Roja Liechtenstein mat 6:0 geklappt deen deemols synonym fir d’Ereechen vun der EM war.

image
Wëll een mam Flieger vereesen kann een vu Bréissel aus bis ob Bilbao fléihen a vun do aus mam Bus op Logroño wéiderfueren.

Mam Auto muss en Ronn 14, mam Bus 20 Stonnen rechnen fir déi 1330 Km ze meeschteren.

Luxemburg - Weissrussland (Luxembourg vs Belarus)
Logroño huet also vill ze bidden mä vill méi wichtëg wéi datt ass dat ons Leiwen deen Dag vill Ënnerstëtzung brauchen a de Réck vun ons gestäipt kréien mussen.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.