Kader-Iwwerraschung

Haut gouf de Kader fir d’Lännermatcher an der Slowakei ( 27.3 zu Zilina) an géint Tiirkei (31.3 am Josy) bekannt ginn.
De Luc Holtz huet mam 17jaerege Florian Bohnert ( A-Junior vum FC Saarbrécken) och eng Iwwerraschung parat.
De fréiere Beggener a Racing Spiller hatt am Stage an der Tiirkei e gudden Androck hannerlooss a gozf dofir fir déi näechst zwee Matcher nominéiert. Agesaat kann datt jonk Talent iwwerall am offensive Mëttelfeld.

Mam Ben Vogel (Victoria Rouspert) kritt en anneren Perspektivspiller d’Chance sëch ze beweissen.

Och d’Nominatioun vum Dan Da Mota kéinnt iwwerraschen wann e bedénkt datt hien zu Diddeleng aus dem Kader gehéit gi war a nëmmen mat der Reserveekipp am Asatz war. Wann en dem Dan séng Performancen a séng Astellung am Trikot mam Roude Léiw awer bewert, kann en de Luc Holtz awer verstoën.

Eng anner Iwwerraschung ass d’Nominatioun vum Stefano Bensi. De Fola Stiermer ass réischt vru kuerzem aus enger Verletzung komm an huet nach vru kuerzem geduet nët rechtzäitëg a Form ze sinn.

Nët mat vun der Partie ass bekannterweis de Chris Martins. Onse “Rohdiamant” huet sech zu Lyon am Training verletzt a fehlt fir béid Rendez-Vous’en.

Hei de Kader:
Gol : Jonathan Joubert, Anthony Moris, Joé Frising

Ofwier : Laurent Jans, Maxime Chanot, Tom Schnell, Kevin Malget, Ben Vogel, Mathias Jänisch, Massimo Martino

Mëttelfeld: Dwayn Holter, Chris Philipps, Mario Mutsch, Tom Laterza, Ben Payal, Lars Gerson, Florian Bohnert

Stuerm: Stefano Bensi, Maurice Deville, Aurélien Joachim, David Turpel, Daniel da Mota

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.