E kléngen Appel vun Huelse!
Eng 3-0 Défaite an der Slowakei ass bestëmmt kéng Schann, iwwert d’Art a Weis kann een awer diskutéieren a Spiller, Trainer, Medien a mir,d’Supporter, sinn ons do all eenz datt de Match zu Zilina keng Referenz fir alles watt Engagement a Wëllen betrëfft war. Do si mir vun onse Léiwen an der rezenter Vergangenheet méi verwinnt ginn.
Ass esou e Match lo e Gronn fir duerchzedréinen, NEE !
Géint den Tabellenéischte vum Grupp, d’Nummer 22 an der Weltranglëscht déi Spuenien gewichst hunn an um Wee sinn sëch locker fir d’EM Ennronn qualifizéieren, do kann e scho verléieren, oder.
Wa Léit lo wierklëch rossen dierften sinn da si mir dat, mir déi 2400km op ons geholl hunn, mir déi vill Suen ausginn hunn, mir déi Congésdeeg genotzt hunn an dann e schlechte Match erlieft hunn an och vereenzelt entäuscht waren datt esou wéinëg Nationalspiller bei d’Kéier komm sinn fir e puer Wierder mat ons ze schwetzen.
Mä grad mir, déi bei all Wierder derbei sinn, déi géint all Géigener de Wee an de Josy fannen, deenen hier Fräizäit sëch gréistendeels ëm
d’Nationalekipp dréit an als wuel de kritëschtsten Deel am ganze Fussballzirkus gëllt, mir, d’Fans bleiwwe rouëg.
Mir gleewen wéider un d’Spiller,un de Luc Holtz an u séng Visioun vun emgem offensive Fussball.
Mir verstinn awer bei wäitem
nët firwat lo jiddereen mat jidderengem rosen ass an op eng Kéier esou vill Hektik opkennt.
Muer steet e Match um Programm a fir d’Supporter fänkt dann alles bei Null un.
Huelt iech mol all e Beispill un eis.