Nünndüdjü!

Lëtzebuerg verléiert duerch en ofgefellschte Schoss an der 86 ‘ mat 1-2 géint Tiirkei.

Mehmet Ekici a Ben Payal am Loftkampf
Mehmet Ekici a Ben Payal am Loftkampf

Déi éischt Minutten hatten fir ons Léiwen nach net gutt ugefangen. Ons Spiller sinn net richtëg an de Match komm an hunn richtëg nervös gewierkt. De ganzen Zirkus nom Match an der Slowakei hatt seng Spueren hannerloss an d’Tiirken hunn schnell dovunner profitéiert. An der 5ter Minutt lobt den Erding de Joubert an scho stoung et 0-1.

Och an de Minutten duerno hunn d’Gäscht wéider Drock gemeet an et huet e scho gefaart datt et e batteren Owend géif ginn.

 

Grouss Freed nom 1:1 vum Mario Mutsch
Grouss Freed nom 1:1 vum Mario Mutsch

D’Nationalekipp huet sëch awer gefangen an de aball ass besser an onse Réihe gelaf. Lues a lues huet e gemierkt datt d’Léiwen de Géigener an de Grëff kreien an datt mir e Gol schéisse kéinnten. Watt de Mutsch dunn an der 30ter Minutt mat engem stramme Schoss gemeet huet.

An der Nospillzäit servéiert de Jans ( deen e fantastësche Match gemeet huet) bal de Joachim an de Ball gett just lanscht.

Mam 1-1 ass et dunn an d’Paus gangen.

Nom Pausentéi hunn d’Gäscht wéider no vir gespillt an mir hunn probéiert mat Konterakktiounen ze stiechen.

An der 67′ war et och bal esou wäit. Den Aurélien Joachim gëtt gescheckt a säi Schoss gëtt vum Golkeeper in extremis ofgewiert.

D’Tiirke bleiwwen meeschtens, bis op eng wonnerbar erausgespillten Aktioun am Ufank vun der zweeter Halschent, duerch Standartsituatiounen geféierlëch.

Hun allebéid getraff: Hakan Calhanoglu a Mario Mutsch
Hun allebéid getraff: Hakan Calhanoglu a Mario Mutsch

Bis zur 86′ , wou dem Calhanoglu säi Schoss dem Chanot säi Réck fënnt an dunn onhalbar an d’Netz flitt.

Schued e Gläichspill wier dra gewiescht.

Lëtzebuerg (4-1-4-1): Joubert; Jans, Schnell, Chanot, Malget; Philipps (74e Deville); Da Mota (77e Laterza), Payal, Gerson, Mutsch (cap.); Joachim.

 

Supportertechnësch war de Match eng Entäuschung op Lëtzebuerger Säit, déi lescht Deeg mam entäuschendem Match géint d’Slowaken, de “Sträit Holtz-Philipp”, déi onnéidëg “Journalistenaffaire” an sécherlech och datt schlecht Wierder hu vill d’Zuschauer verdriwwen.

Schued well haut waren ons Jongen nees richtëg gutt.

 

 

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.