Wat wëlls de soe Maxime ?

 

Luxemburg vs Kapverden (Luxembourg vs Cap-Vert - Cabo Verde, Cape Verde Islands)
Net wéinëg Léit waren iwwert dem Maxime Chanot sengen Aussoën an der Pressekonferenz vrum Frënndschaftslännermatch géint Tiirkei iwwerrascht. An der,ronn 50 Minutëger, Konferenz huet de Profi vu Courtrai sëch iwwert d’Qualitéit vun der Berichtserstattung vun der lëtzebuerger Sportspress ausgeloss. Wann een him gleewen sollt da géif et e Malaise zwëschen de Nationalspiller an de Presseléit ginn. Esou schlëmm datt sëch deen Dag keen aneren wollt mam Luc Holtz op den Dësch sëtzen fir sëch de Froën vun de Medien ze stellen. Hien an eng Réih aner Spiller kéinnten net verstoën datt d’Sportsjournalisten ëmmer negativ iwwert d’Leeschtung vun onse Roude Léiwen berichten. Déi schréiwend Zonft géif ënner anerem e schlecht Bild vun der Nationalekipp wéiderginn an ët wier an de leschten zwee Joër net e positive Bericht iwwert se ze liese ginn.

anzeigetafel zilina

Géif en elo just d’Berichtserstattungen vum Match an der Slowakei als Beispill huelen dann kéinnt datt jo stëmmen. Mä da misst en se awer och schéinn aus dem Kontext rappen. De Match deen mir 3-0 verluer hatten war wierklëch net gutt an ons Jongen waren an der éischter Halschent och guer nët present. Et huet einfach un den wichtëgste Basen gefehlt, d’Kämpf- , d’Lafbereetschaft an de Wëllen waren bei wäitem net esou grouss wéi an de leschten Joeren. Esou Matcher ginn ët eben an dorunner kann en näischt änneren. Et gëtt kéng Ekipp op der Welt déi all Match 100 Prozent gëtt. An dann ass et der Press hier Aufgab d’Berichtserstattung esou wéider ze ginn wéi de Match gelaf ass, ze kritiséieren an och z’analyzéieren.

Da kann et scho geschéien datt e Spiller déi Artikelen schlecht ophëllt a sëch doriwwer opreegt. Wann d’Emotiounen kaachen dann seet en alt Saachen déi een nët esou méngt, ët schwetzt en sëch a Rage an d’Realitéit verschwëmmt e bëssen. Och d’Gefill datt jiddereen géint een ass ass an dem Kontext verständlëch. Déi meescht hunn d’Aussoën vum Innenvertéideger dunn eben och esou opgeholl. Wee klëmmt scho nët e Mol mam falsche Been aus dem Bett ?

Luxemburg - Ukraine (Luxembourg vs Ukraine)

Déi aner Spiller aus dem Kader waren iwwert den Inhalt vun den Aussoën iwwerrascht, verschiddener hunn den Dag vrun der Pressekonferenz Interviews ginn, nom Match waren déi meescht och bereet mat de Presseléit ze schwetzen an de Kapitän huet esouguer réischt Stonnen no der PK Wand vum ganzen Zirkus kritt. De Käer vun den onzefriddenen Spiller muss richtëg kléng sinn. A wéi de neutralen Beobachter hunn och déi meescht Spiller dem Chanot séng Aussoën op de Kont vun den Emotiounen gesat, hien hätt wuel “mam Häerz” geschwat. Et hätt kéinnten eng Randnotiz an der lëtzebuerger Fussballwelt bleiwwen. Och wann d’Associatioun vun der Lëtzebuerger Sportjournalisten eng Entrevue mam Paul Philipp wënschen. Et wier zum Wuel vu jidderengem gewiescht wann no dëser Entrevue d’Saach giess gewiescht wier.

Mä voilà, gëschter huet de Chanot iwwert séng Twittersäit nach e Mol Ueleg an d’Féier geworf an d’Presselandschaft ugegraff. Watt huet hien geridden ?

D’Verhältnis Nationalekipp-Journalisten zu Lëtzebuerg gewëss aneschtes wéi am Profifussball. De Kosmos ronnderëm der Nationalekipp ass esou kléng datt jiddereen jiddereen kennt. Wou kënnt et scho vir datt e Nationalspiller e Fan als Facebooksfrënn huet oder eben d’Journalisten sëch mat der Fédératioun en Hôtel op enger Auswaertsrees déelen ? Soll de Malaise doranner läien ? Sinn dem Chanot séng Aussoën vläit nëmmen en onbehollefene Versuch dem Nationaltrainer am Wonsch no méi Professionalitéit bäizestoën ?

Fussball Länderspiel Luxemburg - Litauen

De Luc Holtz huet ons Nationalekipp, wéi d’Resultater et beweissen, scho richtëg op dee Wee bruet. An et soll him héisch ugerechnet ginn datt hien sëch net zefridde gëtt an d’Rahmenbedingungen ëmmer méi perfektionnéiere wëll. Op der, scho bal legendärer, Pressekonferenz huet den Nationaltrainer de Maxime Chanot net ënnerbrach an och duerno huet hien him de Réck gestäippt. De sëlweschten Dag gouf et nämlëch en nët ëffentléchen Training an d’Journalisten hätten sëch nët dorunner gehallen a hätten während dem ganzen Exercice nieft dem Terrain gestaan. Normalerwéis sinn bei esou Traininger nëmmen 15 Minutten ëffentléch. Dëst wier dem Holtz no nët déi éischte Kéier gewiescht an hien fillt sëch doduercher net respektéiert. D’Journalisten hunn a rezenten Kommentaren gesott se hätten net gewosst datt se no enger Véierel Stonn den Terrain verloosse sollen a bemängelen e Kommunikatiounsproblem. De Mikrokosmos ass um bréckelen an et wier net iwwerraschend wa sëch an Zukunft verschidden Saachen änneren wäerten. D’Nationalekipp wäert manner accessibel ginn an doduercher de “lëtzebuerger Charme” verléieren.

Maurice DEVILLE no sengen 2 Goaler géint Mazedonien

Wann dës Hypothes stëmmt dann hu Maxime Chanot a co op dat falscht Päerd gesatt. Säit e puer Joer, hunn, onser Meenung no, d’Zeitungen e méi wéi positivt Bild vun onser Nationalekipp gezeechnet. Duerch déi méi locker Atmosphere am Mikrokosmos gekoppelt mat der flotter an engagéierter Art a Weis wou ons Jonge Fusball spillen, huet en esou guer d’Gefill datt déi meescht Journalisten, kommen se aus der Belsch, Frankräich oder aus Lëtzebuerg, Fans vun de Roude Léiwen an dem Holtz senger Visioun gi sinn. Och béi manner gudde Resultater, huet den neutralen (esou neutral en als Fan ka sinn) beim Liesen vun der Artikelen éischter d’Gefill gewonnen datt déi meescht Journalisten déi positif Aspekter sichen an nët mat der Keul op de Keyboard schloën. Duerch divers Artikelen a Berichter gi mir iwwert de Werdegang vun onse Profi’en informéiert an esou bei Laun gehalen. Och duerch esou Zeitungsartikelen gewannen d’Zuschauer Loscht an de Stadion ze goën.

Luxemburg - Ukraine (Luxembourg vs Ukraine)

 

Et wier sécher besser wa sëch d’Fédératioun mat de Sportsjournalisten op en Dësch sëtzen an d’Kand beim Numm nënnen. Datt ganzt fänkt nämlëch un zimlëch peinlëch ze ginn an ass ons all net gerecht !

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.