Gleeft een de Wort-informatiounen waert de Laurent Jans näechst Saison d’Fuerwen vum belschen Profiveräin an Éischtliguist Waasland-Beveren droën.
De Folaman huet an de leschte Joeren bei verschidden Profiklibb Prouftrainings absolvéiert ouni duerno geholl ze ginn. Hien huet awer ni seng Ambitioune verstoppt an sech anscheinend lo fir den KV Red Star Waasland – Sportkring Beveren, sou de ganze Numm, entscheed !
Dem Veräin kann een nëmmen gratuléieren den talentéierten Ofwierspiller geholl ze hunn an dem Laurent wënsche mir vill Gléck !