An engem Verglach géint eng Equipe op eisem Niveau huet d’FLF-Selektioun sech laang schwéier gedo. Schon no 14′ huet de Joubert misse mat enger Glanzparad eng Kappball-Chance klären, mä duerno gouf et esou wuel vun de Roude Léiwen nach vun hiere Gäscht moere Kascht ze gesinn, e Match dee keen all ze héige Rythmus dran hat, woubäi d’Lëtzebuerger awer méi um Ball waren an e bësse manner technësch Onzoulänglechkeete gewisen hunn, wéi Moldawien.
Eréischt an der 2.Halschent sollten – och bedéngt duerch taktësch Emstellungen – e puer méi Offensivaktioune vun eise Jongen eraussprangen. De jonken Duriatti vum Swift Hesper, deen haut säin 1.Lännermatch gespillt huet, huet op de Mutsch gepasst mä aus aussiichtsräicher Positioun eleng virum Goal huet hien driwwer geschoss. Och déi nächst Chance goung op de Kont vum Spiller vu St.Gallen, mä hei gouf him de Ball aus em Fouss gekläert. Och den Deville sollt nach eng Kéier zum Ofschloss kommen, mä um Enn sollt et bei engem gerechten 0-0 bleiwen.
Et war wuel e Match, deen em Luc Holtz vill Erkenntnisser geliwwert huet an et war deen drëtten 0-0 tëscht béide Formatiounen!