China a Kazachstan, datt waren déi Destinatiounen déi an de Rumeuren ëm déi nächst Etapp am Aurélien Joachim senger Carrière zirkuléiert sinn. Wéi et ausgesäit kéinnt fir de lëtzebuerger Topstiermer och e Retour an d’Heemecht a Fro kommen.
Wéi een haut am Quotidien ( déi sech op déi belsch Zeitung “La Meuse” referéieren) liesse kann hätt den Joachim kéng Loscht op en “exotescht Ziel” an nees esou eng Saison wéi zu Sofia z’erliewen.
De Stiermer war Ufank leschter Saison bei den bulgarëschen Traditiounsveräin gewiesselt fir sech an de Fokus vun europäesche Veräiner ze spillen an endlech och em en Landestitel spillen ze kennen. Nieft dem Faite datt dem CSKA Sofia seng europäesch Aventure ganz schnell eriwwer war an trotz guddem Ufank näischt am Championnat ze huele war, muss een feststellen datt den eemolegen Grousse Veräin nëmmen nach e Schied vu sëch sëlwer ass a lo éischter nach als Chaosklub vu sech schwetzen deet. Datt ons Nummer 13 elo Stabilitéit brauch ass normal.
Der “La Meuse” huet den Auré erzielt datt hien sëch “bei kenger zefriddestellender Ufro aus dem Ausland” sech och firstelle kéinnt nees an der BGL Ligue dem Ball nozerennen.
Et ass kee Geheimniss datt sech an deem Fall zwee Veräiner erauskristalliséieren. Zu Déifferdéng an Diddeleng hatt hien déi beschten Zäit an hätt och nach Kontakt mat hinnen.
Den F91 schéinnt awer déi besser Kaarten ze hunn well et dee Veräin ass deen den Joachim richtëg lancéiert huet. De Veräin aus der Forge du Sud huet 2012 ënner anerem Red Bull Salzburg aus der CL-Quali gehéit an domadder fir déi gréisste Sensatioun gesuergt. Donieft ass den F91 zimlech aktiv um Marché a probéiert am Stuerm nach en décke Fësch a Land ze zéihen nodeems den Transfert vum Sanel Ibrahimovic nach net iwwert d’Bühn komm ass.
Et ass dem Aurélien Joachim perséinlech, an och der Nationalekipp, ze wënschen datt hien nach e puer Ufroën aus dem Ausland zougeschéckt ginn an hien de maximum aus senge Fähegkeeten huele kann an datt geet am beschten am Profimilieu.