Wéi een haut am Quotidien liese kann, géif den FC Metz iwwerleeën den Aurélien Joachim ën er Kontrakt ze huelen.

Den Nationalstiermer war schonn öfters am Gespréich zu Metz mä nach ni géif de Recrutement vum Auré méi Sënn maachen wéi lo.

Den FC Metz ass no engem Joer an der Ligue 1 nees ofgestiegen an den Ëmbroch léisst sech bemierkbar maachen. Nieft dem Trainer, Albert Cartier, mussen ënner anerem och Spiller wéi Choplin, Kashi a Carasso de Veräin verloossen.

Wann de Jose Riga den Chris Philipps hale géif ( alles aneschtes wier extrem iwwerraschend) kéinnten als ab nächstem Joer zwee Léiwen am St Symphorien oplafen !

Share: