Wéiéng Fans wiere mir wa mir net vum grousse Coup dreeme géiwen ?
Natierléch wëlle och mir mol ons Ekipp op engem Turnéier uféieren. Biller vu Public Viewings zu Esch, Iechternach an der Stadt geeschteren duerch ons Daagdreemereien, Autocosrs’en duerch all ach esou kléng Avenue a Strooss, friem Mënschen déi sëch an der Arm huelen an zesummen laachen a kräischen. Ach…
Vu datt et fir d’EM2016 net duergoë wärt ass déi nächst Méiglechkeet d’Weltmeeschterschaft 2018 a Russland.
Ah, Russland, Land vun den Extremen, vun de Superlativen, vun der Korruptioun, vum Ueleg, vun de Bieren a vum Wodka.
D’Wiel fir Russland als WM Organisator ass natirléch net iwwerall gutt ukomm wann e bedenkt datt déi politësch Fräiheet an d’Menscherechter dohannen net de selweschte Stellewert hunn wéi an onsere Länner. De Rassismus ass e vun de gréisste Problemer am russësche Fussball. Spiller mat donkler Hautfuerw gi regelmässeg Affer vun diskriminatorësche Riff. Spiller wéi de brasilianer Hulk vum Zenit hunn an der lëscht dës Attituden stark kritiséiert.
Soit, vu datt mir politësch neutral sinn an ons nëmmen iwwert de sportléchen Déel ausloossen, freeën mir ons eben esou lues a lues mat der Iddi un ons Summervakanzen 2018 a Russland ze verbréngen.
Mä ier mir lo definitiv de Bierepëlz apacken an déi éischt russësch Cours’en huelen, mussen ons Léiwen nach duerch d’Qualifikatioun. An déi gëtt haut um 17 Auer Lëtzebuerger Zäit zu Sankt-Petersbuerg ausgeléisst. Fir déi 13 ( Russland exklusiv) europësch Startplatzen kämpfen insgesamt 52 Länner. An datt a 7 Gruppen vun 6 an 2 vu 5. Vu datt mir am leschte Pôt sinn ass et lo scho kloer datt mir an e 6er Grupp ausgelousst ginn. Ëppes positives huet jo schonn am leschte “Dëppen” ze sinn. 2 Mätcher méi, eng potentiel Auswaertsrees méi !
Déi verschidden Dëppen:
Eng Auslousung ass fir d’Lëtzebuerger Fussballfans ëmmer en Highlight. Nët déi maanst dreemen vun engem Grupp wéi: Däitschland, Italien, Schottland, Irland, Finnland, Lëtzebuerg mä fäerten an eng ze fallen déi folgend ausgesäit: Rumänien, Slowakei, Ukraine, Bulgarien, Aserbaidschan a Lëtzebuerg.
Draam oder Albdraam ? De Verdikt fällt haut den Owend !