Gëscht d’Ausléisung, haut de Programm !
Auswaertsreesender huelt de Kalenner eraus :
Den éischte Match spille mir a Bulgarien. De 6te Septembre, also nach an de Summervakanzen 2016, geet et a Bulgarien. E Mount méi spéit ass dann Schweden Gaascht op der Areler Strooss an dann nach 5 Woche méi spéit kommen d’Oranjes. Derzwëscht dann eng Rees a Wäissrussland.
2017 kënnt dann de Nopper Frankräich am März op Besuch.
Daat heescht mir empfänken den top dräi als éischt eh mir se all 2017 besiche ginn.
E flotte a schwéiere Programm
Hei den Détail :
6 Septembre 2016 um 20h45: Bulgarien- Lëtzebuerg
7 Oktober 2016 um 20h45:
Lëtzebuerg – Schweden
10 Oktober 2016 um 20h45:
Belarus – Lëtzebuerg
13 November 2016 um 18h:
Lëtzebuerg – Holland
25 März 2017 um 20h45:
Lëtzebuerg – Frankräich
9 Juni 2017 um 20h45:
Holland – Lëtzebuerg
31 August 2017 um 20h45:
Lëtzebuerg – Belarus
3 September 2017 um 20h45: Frankräich – Lëtzebuerg
7 Oktober 2017 um 18h:
Schweden – Lëtzebuerg
10 Octobre 2017 um 20h45: Lëtzebuerg – Bulgarien