Wéi de Quotidien haut schréift wier Burton Albion drunn interesséiert dem Aurélien Joachim ënner Kontrakt ze huelen.
Onse Nationalspiller hat vru kuerzem en Test beim engleschen Drittliguist an huet säin Trainer an de Staff iwwerzeecht.
Trainer bei den Brewers ass keen anneren wéi den Jimmy Floyd Hasselbaink ! Den hollänschen ex-Stiermer a Starspiller vu Leeds United an Atlético Madrid. Fir e Stiermer sécher net de schlechsten Trainer.
Dem Aurien Joachim selwer géif awer nach e bessen ofwaarden eh hien sech definitiv entscheed.