Néie Club fir den David Caiado

No enger onglécklecher Aventure an der Ukraine bei Metalist Kharkow wiesselt den David Caiado an dei zweet spuenësch Divisioun.

Den SD Ponferradina, den héichstspillende Club aus der Regioun vun den Kastillen a León, huet mam Caiado en Virvertrag ënnerschriwwen. De Spiller deen e gewësse als Globe-Trotter bezeechne kann muss nach d’Freigab vu sengem leschte Veräin kreien. Momentan ass hien am Clinch mat sengem Patron well déi him nach e puer Payen ze bezuelen hunn.

Ponferradina ass eng wéider Etapp am David Caiado senger Karriere. Hien gouf beim Sporting zu Lissabon ausgebild an gouf kuerz drop op Estoril ausgeleinnt. Dunn huet seng Odyssee esou richtëg ugefangen: Z. Lubin (Pol), O. Nicosia (Zyp), Beroe Stara Zagara (Bul), Tavarya Semferopol (Ukr), Vitoria Guimaraes (Por) an zum Schluss Metalist Kharkow.

Watt Nationalekipp betrëfft ginn et nach ëmmer kéng Néiegkeeten. Den David Caiado ass zu Lëtzebuerg gebuer an war mat 12 a Portugal gangen fir beim Sporting d’Fussballspillen ze léieren. Säin Talent war dunn och de Selektioneuren vun den Jugendselektioune vum Portugal opgefall. Den David Caiado waart lo schonn zig Joer op de Lëtzebuerger Pass…

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.