Den Nationaltrainer Luc Holtz huet fir de Frënndschaftsmatch géint St Trond (BE) de Sébastien Thill nominéiert.
Datt den eelste vum Serge Thill sénge Kanner gläich den Trikot mam Roude Léiw droë géif, lung säit gewësser Zäit an der Loft.
Den talentéierten Mëttelfeldspiller vum Progrès Nidderkuer glänzt scho säit Joeren am Dress vun de Giel-Schwarzen a seng rezent Leeschtungen géint Shamrock Rovers hunn den Luc Holtz schlussendlëch ganz iwwerzeecht him eng Chance ze ginn.
Eng zukünfteg Nationalekippscarriere vum Sébastien Thill huet sëch schonn a jonke Joeren ugedäit. De fréieren CS Péiteng Spiller huet lang als grousst Talent gegëllt mä och als schwéiere Charakter. An do läit d’Kromm an der Héck. Wann e bis esou e Stémpel opgedréckt kritt ass et ganz schnell e gebrannt Kand. Och nëmmen all esou klénge Faux-Pas gëtt héischgeschaukelt. Wou bei aner Spiller vläit nëmmen geschmunzelt oder de Kapp gerësselt gëtt, gëtt dann bei de méi “komplizéierte” Mënschen direkt ganz uerg dramatiséiert.
De Sébastien Thill ass bestëmmt dee Spiller am lëtzebuerger Championnat wou d’Tätowéierungen an de Kleedungsstyl am meeschten an de Medien thématiséiert gouwen.
Thill-DNA schéinnt awer nieft dem Fussballgen an dem Hang zum Extravagantem och eng grouss Veranlagung zu engem staarke Selbstbewosstsinn a sech ze droën. Trotz dem ganze Rummel ëm séng Persoun mecht hien sportléch säi Wee. Hien huet et férdeg bruecht déi Virurdeeler déi verschidde Léit vun him hatten duerch gutt Leeschtungen eweg ze kicken!
Zu Nidderkuer hu se bewisen datt wann en de Sébastien Thill richteg ze packe wees, hien seng lénks Patt zum Wuel vun der Ekipp auspéckt a de Garant fir den Erfolleg ka sinn.
Wann hien säi Potential och an der Nationalekipp ganz asetze kann laien fir den 21-jaeregen d’Schinnen op Erfolleg !