Um Käercherbierg zu Habscht stoungen d’Lëtzebuerger Nationalekipp an de belschen Opsteiger Sint-Truidense Voetbalvereiniging sech um Mëttwochowend géigeniwwer.

De Luc Holtz huet op eng Rei Spiller, notamment och d’Profien déi am Ausland ënner Kontrakt stinn, misse verzichten. Sou stoungen Joubert, Martino, Bukvic, Delgado, Malget, Payal, Bohnert, Dragovic, da Mota, Bensi an Turpel an der éischter Elef vun de Roude Léiwen.

Op engem Terrain an excellentem Zoustand huet den Abitter Kopriwa dësen Testmätch um 19 Auer virun 262 Zuschauer ugepaff.

Wahrscheinlech dee klengste Kapitän an der Geschicht vun der Nationalekipp: Ben Payal

Wahrscheinlech dee klengste Kapitän an der Geschicht vun der Nationalekipp: Ben Payal

An den éischte 45 Minutten haten d’Gäscht aus der Belsch amfong méi Spillundeeler, déi wierklech gutt Golchancen goufen et awer virun allem op der Säit vun de Lëtzebuerger. Goler sollten an dëser éischter Halschent awer keng falen. Mat engem leeschtungsgerechte Gläichstand geet et an d’Paus. Am ganze 6mol huet de Luc Holtz wiesselt: de Luca Duriatti an den Tom Laterza koumen direkt no der Paus op den Terrain, am Laf vun der zweeter Halschent sollten och nach de Marvin Martins, Milos Todorovic, Antionio Luisi a Jeff Lascak agewiesselt ginn.

An der zweeter Halschent hunn d’Belsch fréi kënnen no engem Fräistouss duerch e Kappball vum Nirisarike a Féierung goen. De kolumbianesche Jugendnationalspiller Joao Rodriguez konnt op 0-2 erhéigen.

Duerch e schéine Schoss vum agewiesselten Antonio Luisi koum Lëtzebuerg eng knapp Véirelsstonn viru Schluss nach eemol erun, mee an der Schlussphas sollt den STVV awer nach den 1-3 markéieren.

Sëcherlech war dëste Mätch eng gutt Geleenheet fir enger Rei Spiller Spillpraxis am Dress vun de Roude Léiwen ze erméiglechen, méi awer och net.

Share: