D’IFFHS ( International Federation of Football History and Statistics ) organiséiert een Onlinevote fir d’ Wiel vum populärste Futtballspiller. An der éischter Ronn ( vum 15ten Oktober bis den 30ten November 2012) ginn déi 5 beschtplazéiert Spiller aus Afrika, Asien an dem CONCACAF Raum gesicht dozou gesellen sech déi 8 Bescht aus Europa a Südamerika an de beschten aus Ozeanien. Vum 1ten Dezember 2012 bis den 3ten Januar 2013 gëtt an der zweeter Ronn de populärste Spiller aus dem Pool vun deenen 32 Kandidate gewielt.

Huel Se! rifft natierlech dozou op fir den Aurélien Joachim ze wielen a wënscht him vill Gléck !

 

 

Share: