Sébastionell !

Mir brauchen ons net an d’Täsch ze léien, et war kee flotte Match. Bis zur 83′ hu sech béid Ekippen ausgeglach woubei Mazedonien nach déi beschte Chance hatt. Watt duerno geschitt ass konnt kee sech firstellen.

D'Starting Eleven:
D’Starting Eleven: da Mota, Martins, Payal, Jans, Philipps, Delgado, Deville, Gerson, Chanot, Joubert, Joachim

De Luc Holtz hatt seng Ekipp nawell méi duercheneen gerësselt wéi erwart. An datt dobäi an der Defense esou vill gewiesselt géif ginn war nach méi iwweraschend. Den Nationtrainer huet de Jans op lénks erausgezunn, den Delgado op riets, an de Schnell huet dem Philipps misse wéichen. Eenzeg Konstant de Chanot.
Am Mëttelfeld hu Payal a Gerson fir d’Uerdnung a Kreativitéit misse suergen, op de Flanken den Da Mota an de Chris Martins fir d’Animatioun. Am Stuerm huet den Deville hannert dem Joachim gespillt.
An den éischte 45 Minutten war ausser dem Schoss vum Ibrahimi kee bis op de Gol komm. Op Lëtzebuerger Säit konnten den Joachim e Käpper an de Gerson e Fräistouss vun der Strofraumgrenz net kadréieren.

Ouni Angscht beim Debüt: de Ricky Delgado, hei an der Diskussioun mam Keeper Tome Pacovski
Ouni Angscht beim Debüt: de Ricky Delgado, hei an der Diskussioun mam Keeper Tome Pacovski

En aneren “Héischpunkt”, eng giel Kaart fir de Martins, déi drëtt an dëser Quali, an domadder den Aus fir de Match a Wäissrussland.

Déi zweet Halschent hatten d’Gäscht dunn zwou gutt Méiglechkeeten, déi awer vum Joubert paréiert gouwen. Bei engem Wäitschoss an engem 1-1 hunn d’Makedonier am Joubert hiere Meeschter fonnt.

Op Lëtzebuerger Säit kann en e Käpper vum Deville, mat e wéineg Optimismus, als Golchance zielen. Et wollt haut einfach net mat der leschter Pass klappen. Bis 20 Meter vum géignerege Gol ass de Ball gutt gelaf mä et huet einfach un der néideger Precisioun a Courage gefeelt. Vill Flanken hu keen am 16er fonnt oder ons Jongen hunn sech net getraut den Ofschloss ze sichen.

Ee vun den Helden vum Owend: de Jonathan Joubert hällt den (onberechtegten) Elefmeter
Ee vun den Helden vum Owend: de Jonathan Joubert hällt den (zweifelhaften) Elefmeter

An der 84′ huet de Walisëschen Arbitter op den Elefmeterpunkt am lëtzebuerger Strofraum gewissen. Wéi schonn am Himatch war de Philipps eng Grimmelschen ze lues an huet de Géigner beréiert. Den Abdurahimi, dee Spiller deen ons zu Skopje mat engem Sonndesschoss an der Nospillzäit e Punkt geholl huet, wollt och haut de Spiller vum Match ginn.

De Joubert huet säi Schoss awer grandios gehalen an d’Lëtzebuerger konnten nach ëmmer vun der éischter Victoire an dëser Quali dreemen.

D’Makedonier hunn duerno och guer net méi zum Spill fonnt an hunn an de leschte Minutten ganz nerveus agéiert.
An der Nospillzäit koum dunn dem
Sébastien Thill säi grousse Moment.

Grouss Freed nom Schlusspeff
Grouss Freed nom Schlusspeff

De Regisseur vum Progrès, dee fir den Martins erakoum, konnt en Ofpraller mat der Broscht kontrolléieren an huet dunn säi lénke Wonnerfouss schwetze gedoën. Den géigneresche Keeper konnt nëmmem nach nokucken, wéi den zweetee cadréierte Schoss op säi Gol, am Netz gewackelt huet.

D’Revanche fir déi batter Néierlag à Mazedonien war gegléckt an d’Freed op de lëtzebuerger Säit riesegrouss.

Ons Leiwen reesen lo als Tabellefënneften a Wäissrussland an do probéiere se dann bis op déi véiert Platz ze klammen andeems mir dräi Punkten huelen !

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.