Néierlag mat batterem Nogeschmach

Lëtzebuerg verléiert verdéngterweis mat 2-0 a Wäissrussland. Duerch zwee Goler vum Gordeychuk gewannen d’Wäissrussen dräi Punkten an laien lo mat 7 Punkten op der véierter Platz.

Dës Néierlag huet e batteren Nogeschmach hannerloos. A mir schwetze lo net vum Spaghetti-Fiasko.

Batter, well d’Wäissrussen fussballerësch sécher besser sinn mä awer keng Iwwermuecht duerstellen an ze klappe gewiescht wieren.

Batter, well de Géigener aus wéinege Méiglechkeeten Goler gemeet huet.

Batter, well ons Roud Léiwen ënnert hiere Méiglechkeeten gespillt hunn an en ufänke kann sëch an den Hënneschten ze bäissen dat nees näischt zählbares aus onse Fähegkeeten komm ass.

Batter, well des Néierlag d’Resultat vun enger mëssgléckter Taktik ass. Et war eng immens Iwwerraschung ons Leiwen an engem 3-5-2 ze gesinn. Eng Formatioun déi ons Ekipp nach ni gespillt huet an déi dem Géigener vill Raum geloos huet. An dat wéinst der Ännerung no der Paus schonn 2/3 vun onsen Auswiesselméiglechkeeten verbraucht war.

Batter, well nom Match de Nationaltrainer sech iwwert physësch Problemer vu senge Spiller beklott, Problemer déi am Virfeld gewosst waren, an wou hien awer e System gewielt huet deen immens lafintensif ass.

Batter, well mir lo nëmmen nach a Spuenien an doheem géint d’Slowakei spillen an et wéineg Chance gëtt do nach den een oder annere Punkt ze huelen.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

One thought on “Néierlag mat batterem Nogeschmach

  1. Zu Gaascht beim Lukaschenko | HUEL SE! 15. September 2015 at 20:16

    […] Zum Match well ech net vill schreiwen. Mir hunn verdéngt 2-0 verluer, a mengen Aen virun allem wéinst dem Luc Holtz senger falscher Taktik. Woubäi ech kloer umierken well, datt ALL Trainer alt emol Feeler mécht. Ech halen ëmmer nach […]

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.