De Luc Holtz reecht dem Dwayn Holter d’Hand an erméiglecht dem Spiller vum VFR Aalen vläit e puer Spillminutten.
D’Situatioun vum Mëttelfeldspiller ass bei sengem néie Veräin alles anneschtes wéi rousëg. An der Summerpaus gouw de langgewuesen Spiller vu Greuther Fürth un de VFR Aalen an drëtt Divisioun ausgeléint. Wat sech Ufanks nach als gutt Méiglechkeet ugehéiert huet ass mëttlerweil zu engem Desaster ginn. De Lëtzebuerger deen nach kéng Minutt fir säi néie Veräin gespillt huet, zielt net méi zu de Prioritéiten a schéinnt och vum Peter Vollmann, dem Trainer vum Profikader, kéng réel Chance ze kréien. No enger Verletzung kuerz no sénger Verpflichtung hatt den Holter lues a lues den Zuch verpasst. D’Ekipp huet ëmmer bësser gespillt an hien konnt nëmmen nokucken. Duerch “Jugendfeeler”, huet hien duerno och nach Credit beim Trainer verpasst an et gëtt behaapt datt se zu Aalen um Holter senger Professionnalitéit zweifelen. De Spiller sëlwer huet vrun e puer Deeg säi “Mea Culpa” ofginn a séng Ufanksastellung a Fro gestallt.
De Luc Holtz huet hien lo an de Kader vun de Frënndschaftsmatcher géint Griicheland a Portugal nominéiert. Mat gudde Matcher a, méi wichtëg, enger professionneler Astellung kann hien jidderengem, sech selwer och, dat hien de Sprong aus dem Tirang “Talent” zum gestaane Spiller maache kann.
Wéider Iwwerraschungen am Kader :
De Cédric Sacras vum FC Metz huet de Massimo Martino ersat. Den Espoirs deen an der Ofwier zum Asatz kennt ka sech Hoffnungen maachen seng éischt Minutten als A Spiller ze bestreiden. Iwwerraschend well e vläit erwaarde konnt dat de Clayton De Sousa vum F91 duerch seng rezent gutt Leeschtungen geruff kéinnt ginn fir de verletzten Martino z’ersetzen.
E bessen manner Hoffnung ka sech de Ralph Schon maachen. De jonk Keeper vum Norden 02 kennt a Platz vum Amodio als drëtte Keeper mat.
Jonathan Joubert (F91), Anthony Moris (FC Malines/BEL), Ralph Schon (Norden 02)
Laurent Jans (Waasland-Beveren/BEL), Maxime Chanot (KV Courtrai/BEL), Tom Schnell (F91), Chris Philipps (Preussen Münster/D), Kevin Malget (F91), Ricardo Delgado (Jeunesse), Mathias Jänisch (FC Déifferdeng 03), Cédric Sacras (FC Metz)
Mario Mutsch (Sankt -Gallen/SUI), Christopher Martins (Olympique Lyon/FRA), Ben Payal (Fola), Lars Gerson (GIF Sundsvall/SUE), Sébastien Thill (Progrès), Dwayn Holter (VFR Aalen) Maurice Deville (FC Kaiserslautern/D), Aurélien Joachim (Burton Albion/ENG), DavE Turpel (F91), Stefano Bensi (Fola), Daniel da Mota (F91)