Um 19:30 fält zu Uewerkuer de Startschoss vun der Preparatioun fir WM-Quali 2020 a Russland. D’Quali, déi de 6 September 2016 mam Auswäertsmatch a Bulgarien ufänkt, gëtt lo scho mat de Frëndschaftsmatcher géint Griicheland an den Dënschden géint Portugal virbereed an hoffentlech déi éischt Etapp an eng néi Era.
Als alleréischte Géigner begéinen mir dann haut Griicheland. D’Griichen hunn eng ganz batter EM-Qualifikatioun hannert sech. An engem Grupp mat Nordirland, Rumänien, Finnland, Ungarn an de Färöer, an deem se als “Tête de série” gefouert goufen, sinn se grandios gescheitert. No 10 Spilldeeg hu se de Grupp F,mat 6 Punkten, als Tabelleleschten vervollstänneg. Hannert de Färöer Inselen. Eng Platz déi dem Europameeschter vun 2004 an dem Kader mat Topspiller wéi Sokratis ( BVB09), Papadopoulos (Leverkusen), José Holebas (Watfort) an Mitroglou (Benfica) net gerecht gëtt.
No dësem Desaster sinn d’Südeuropäer dorobber aus fir eng nei Ekipp opzebauen an nees an d’Spuer ze fannen. Fir dass dëst geléngt huet déi griichesch Fussballfederatioun de Michael Skibbe engagéiert. Den däitschen, deen bei ons haaptsächlech wéinst sengen Engagementer an der Bundesliga (Dortmund, Leverkusen, Frankfurt a Berlin) bekannt ass. soll esou iwwerzeegen wéi säi Landsmann, den Otto Rehhagel.
Datt d’Griiche Fussball spillen kënnen hu se am leschten Match vun der EM-Quali géint Ungarn bewisen. An engem Match mat villen Héichpunkten hu se sech schlussendlech mat 4:3 duerchgesat. Et hatt en dem Holebas a Co ugesinn datt se de Match onbedéngt gewannen wéilten an, trotz zweemoleger Féierung vun de Gäscht, hu se de Match gedréint an esou déi eenzeg Victoire an 10 Spilldeeg eragefuer.
Fir d’Rout Léiwen ass dëse Match e wichtegen Test an eng “Standuertbestëmmung”. Och wa mir déi lëscht Qualifikatiounscampagne net op der leschter Platz ofgeschloss hunn, bleift en e bëssen “sur sa faim”. Et ass nämlech net vun der Hand ze weisen datt am aktuelle Kader vill méi Potential drastécht an d’Zäiten eriwwer sinn wou en sech mat 4 Punkten zefridde gëtt. Dem Luc Holtz stinn esou vill Profi (Joachim, Chanot, Jans, Mutsch, Gerson, Holter, Philipps, Moris, Deville, Martins) wéi nach ni zur Dispositioun an de Kader ass esou ausgeglach datt déi meeschte Spiller z’ersetzen ze sinn falls mol en ausfält. Gestanen BGL-Spiller wéi Thill, Bensi, Payal, Schnell, Joubert, Malget, Da Mota, Jänisch an Turpel an hoffnungsvoll Talenter wéi Delgado a Sacras (FC Metz) komplettéieren de stäerkste Kader dee mir jeemools haten. An hannendrun laueren nach Spiller wéi Tinelli, Bohnert an Thill…
Et ass un der Zäit datt d’Ekipp d’Zündschnouër ufänkt an dat d’Géigner vrun ons an Deckung ginn. Wann ons Léiwen et fäerdeg bréngen liichtsënneg Feeler ofzestellen, vrum Goal vill méi effizient ginn an den Nationaltrainer säin taktescht Experimentéieren e bessen erofschrauft, da gëtt et fir vill Ekippe schwéier de Roude Léiw ze zähmen. Duerch d’Entwécklung déi ons Nationalequippe, säit der Era Hellers gemaacht huet an d’Spill Artaweis duerch den Holtz weidergefouert an verbessert ginn ass, soll se sech sëlwer an eng aner Dimensioun propulséieren.
De Match géint d’Griichen kann den éischte Schratt an eng hoffnungsvoll Zukunft sinn.