Lëtzebuerg gewënnt mat 1-0 géint Griicheland. An der éischter Minutt vun der Nospillzäit schéisst den Aurélien Joachim mat engem Abstauber den Gol vum Owend.

Ronn 1900 Zuschauer hunn de Wee op Uewerkuer fonnt fir d’Rout Léiwe géint Griichen ze gesinn. E Match an deem de Luc Holtz folgender Opstellung d’Vertraue geschenkt huet, Joubert, Delgado-Malget-Chanot-Jans, Mutsch-Philipps-Gerson-Martins, Bensi-Joachim. Eng um Pabeier 4-4-2 Formatioun déi phasewéis och zu engem 4-2-3-1 ginn ass.

Stefano Bensi versus Kyriakos Papadopoulos

Stefano Bensi versus Kyriakos Papadopoulos

Déi éischt Minutte sinn awer op de Kont vun de Griiche komm, bei deen de Mitroglou déi geféierlechst Aktiounen hatt. De Stiermer vum Benfica huet an der drëtter Minutt de Potto vum lëtzebuerger Gol getraff.

D’Lëtzebuerger hu sech awer net beandrocke gelooss an hunn monter no vir gespillt. Duerch e Schoss vum Mutsch, dee vun engem griichesche Spiller ofgeblockt gouf an engem Schoss vum Jans, sinn ons Jongen de Griiche geféierlech ginn.

Ab duerno hatten d’Gäscht d’Iwwerhand. E Käppert vum, omnipräsent, Mitroglou, e Fräisstouss vum Holebas an nach e Mol de Mitroglou mat engem Wäitschoss waren entweder ze onpräzis oder hunn am Joubert hiere Meeschter fonnt.

An de leschten Amenter vun der éischter Halschent konnt de Bensi duerch e schéint Zesummespill iwwer Jans a Martins zum Ofschloss komme mä de griichesche Keeper war zur Stell.

Nom Pausentéi huet Lëtzebuerg d’Heft an d’Hand geholl an d’Griichen hunn richtëg verluer gewierkt. Hatten ze vläit geduet se géifen op Uewerkuer komme fir e bësse Selbstvertraue bei engem gemittleche Spadséiergank ze tanken ? Geschnidden !

Aurelien Joachim an Dan da Mota freeën sëch

Aurelien Joachim an Dan da Mota freeën sëch

De éischte Golschoss war da vum Joachim mä leider huet hien net präzis genuch geschoss.
Kuerz drop war de Joubert zur Stell an huet e geféierleche Schoss gehal.
Duerch Schëss vu Bensi an dem agewiesselten Thill kommen d’Rout Léiwen nach zu gudde Méiglechkeeten.

An der 91 Minutt war et dunn esou wäit, de Bensi servéiert de Joachim vrum Gol a wéi ee Fussball-Fuuss setzt dësen de Ball, duerch d’Been vum Keeper, an de Gol.

E kléngt Wuert zur Zuschauerpräsenz. Et ass immens enttäuschend wann op engem Freiden Owend nëmmen 1900 Persounen de Wee an de Stadium fannen. Wat wuel lo nees d’Ausriede solle sinn ?
De Laurent Jans huet ons nom Match nach folgendes gesott : ët ass als Spiller onheemlech enttäuschend vrun deier rieseger eidler Tribün ze spillen

Share: