D’FLF informéiert datt ons Roud Leiwen de 25te Mäerz géint Bosnien/Herzegowina spillt.

Dëse Frënndschaftsmatch ass dann déi 6te Konfrontatioun zwëschen onser an der Nationalekipp vum Balkanland. An deenen 5 Matcher konnte mir nie e positift Resultat ereechen (5 Néierlagen 1-13 Goler). Am nohsten drunn ware mir am eenzege Frënndschatsmatch am März 2003. Bei der 1-2 Néierlag hat deemols den Daniel Huss getraff.

Dat relativt kléngt Land läit momentan op der 22ter Platz an der Weltranglëscht a konnt sech 2014 op der grousser Fussballsbühn bei der WM a Brasilien beweisen.

Share: