A 6 Deeg spillen ons Roud Léiwen e Frëndschaftsmatch géint Schottland. Hei bei Huel Se! fänke mir schonn un e bessen nervös ze ginn.
Hei e klengen Virgeschmach mat enger klenger Zesummefassung vum Match geint Schottland am Joer 1987. Deemols hu sech béid Equipen mat 0-0 op der Escher Grenz getrennt. De Punkt war och den eenzegen deen mir an der Euro Quali 1988 krutten. Geint Irland, Belsch a Bulgarien hu mir a sechs Partien verluer.
Vrun e puer Deeg gouf den Craig Levein als Trainer vun der schottescher Auswiel erausgehäit. Vun 12 offizielle Mätscher huet Schottland ënnert senger Leedung nëmmen 3 Mätscher gewonnen. Déi Erfollegloosegkeet ass him zum Verhängnis ginn. D’ Medien haten sech op hien ageschoss an hunn ënner anerem seng 4-6-0 Opstellung géint Tscheche kritiséiert. De Charlie Adam, Mëttelfeldspiller vu Stoke a Scot, huet no der Bekanntgab vun der Entloossung d’ Medie kritiséiert a behaapt datt si elo dat hätte wat si wollten. .
Als Interim iwwerhellt elo de Billy Stark an dee wärt viraussiichtlech och am Josy Barthel op der Bänk setzen. Favorit op de Posten ass de Gordon Strachan, fréier ënner anerem Trainer vu Celtic a Middlesbrough.
Elo sinn d’Spiller an der Flicht an et gëtt interessant ze gesi wei si géint Lëtzebuerg reagéiere wäerten.
Tor: Cameron Bell (Kilmarnock), Matt Gilks (Blackpool/ENG), David Marshall (Cardiff City/WLS)
Abwehr: Phil Bardsley (Sunderland/ENG), Christophe Berra (Wolverhampton/ENG), Kris Commons (Celtic Glasgow), Grant Hanley (Blackburn/ENG), Charlie Mulgrew (Celtic Glasgow), Matt Philipps (Blackpool/ENG), Andy Webster (Heart of Midlothian), Steven Wittaker (Norwich City/ENG)
Mittelfeld: Charlie Adam (Stoke City/ENG), Barry Bannan (Aston Villa/ENG), Darren Fletcher (Manchester United/ENG), James Morrison (West Bromwich/ENG)
Angriff: Steven Fletcher (Sunderland/ENG), Jamie Mackie (Queens Park Rangers/ENG), Shaun Maloney (Wigan/ENG), Kenny Miller (Vancouver/CAN), Steven Naismith (Everton/ENG), Jordan Rhodes (Blackburn/ENG)
//www.wort.lu/de/view/einige-hochkaraeter-an-bord-509b7f04e4b0bfe8ac4ea446
9 (!) Spiller hu bei Schottland ofgesot, siehe Wort vun haut.