De Freiden Owend spillen ons Rout Léiwen géint Zlatni Ljiljani . Dëst ass den éischten vun zwee Matcher am Abrëll wëll véier Deeg drop Albanien op Besuch ass. D’Preparatioun fir d’WM-Quali 2018 geet also lo lass !
Fir déi nächst Aufgaben zielt de Luc Holtz op säi Stammkader deen sech an de leschte Méint bewäert huet an deen d’Wierbelsail fir déi nächst Joeren bilde soll. Net manner wéi d’Halschent vun den 22 geruffene Spiller rennen dem Ball am Ausland no. Och wann en dozou soe muss dat vun deenen 11 nach 3 Spiller an de Jugendequipë vun hirem Veräin aktiv sinn an en als Nummer 2 am Goal wéineg Spillpraxis huet.
Also Status Quo par Rapport vun de leschte Match ? Nee, net richteg. Wann een duerch de Kader kuckt fält engem direkt e Gebuertsdatum op, 04.02.2000. 20 Joer an e puer Méint méi jonk wéi de Joubert an deen, wann en de Freiden oder den Dënschden dann op d’Feld geschéckt gëtt, als jéngste Nationalspiller an d’Geschicht agoe wäert.
Datt de Vincent Thill dobäi wahrscheinlech op de Miralem Pjanic trëfft ass eng kléng Story. Vru ronn 8 Joer hatt de Leschtgenannten, elo Mëttelfeldspiller vum AS Roum, d’Entscheedung ze treffen op hien fir Bosnien, Frankräich oder ebe Lëtzebuerg oplafe wäert. De Mire, deen als kléngt Kand op Lëtzebuerg komm ass huet seng Fussballausbildung beim FC Schëffleng 95 an am CFL zu Monnerech gemach Ganz Fussballlëtzebuerg hatt deemools seng Hoffnung op den Edeltechniker gesat a war duerno batter enttäuscht dat hien de Roude Léiw net op der Broscht droe géif. Fir vill Supporter vun der lëtzebuerger Nationalequippe wär dat Openannertreffe bestëmmt ganz interessant an och de Beweis datt en am Fussball kéngem nokräische brauch.
De Match géint de Participant vun der WM 2014 awer nëmmen op deen (potentiellen) Duell ze reduzéiere wier net ganz richteg. Fir d’Gäscht geet et drëm eng nei Ekipp opzebauen. Bosnien-Herzigowina sinn am Ëmbroch a sinn am gaangen sech ze fannen. Den Edin Dzeko zum Beispill huet momentan Problemer sech beim AS Roum duerchzesetzen a leeft senger Form e bëssen no. De Buteur war awer ëmmer nees de Pilier a Garant vu senger Nationalequippe. De Sanel Ibrahimovic vum F91 huet dem Quotidien gesot datt villes duerch d’Axe geet an d’Spill vill iwwert Besic a Pjanic leeft. Déi richteg Spiller, déi iwwert d’Säit Drock maache kéinten, wieren aktuell net am Kader ze fannen. Trotzdem bléift d’Ekipp aus dem Balkan eng ganz stark an onangenehm Ekipp.
D’Lëtzebuerger sinn do an enger anerer Konstellatioun an et geet drëms d’Automatismen ze perfektionéieren.
Den Nationaltrainer baut op Bekanntes an verzicht op eng grouss Verännerung.
Och wann et bei ons och Spiller ginn déi e bësse Suerge maachen. Den Dwayn Holter zum Beispill. De Spiller vu Greuther Fürth, deen op d’Fola ausgeléint ginn ass, ass ganz wäit vu senger gudder Form eweg. Dës Duebelkonfrontatioun kënnt wahrscheinlech och nach ze fréi fir den Mëttelfeldspiller an et kann en dovunner ausgoen datt hien nëmmen e puer Minutten ze spille kritt.
Am Goal wäert den Anthony Moris seng Chance am Albanien Match kréien. De Spiller vum KV Mechelen huet dëst Saison seng Platz am Goal no enger Verletzung un de Routinier Jean-François Gillet verluer. Trotzdem hunn d’Verantwortlech vum belsche Veräin vrun e puer Deeg dem Lëtzebuerger säi Kontrakt ëm dräi Joer verlängert. De Joubert féiert dëst Joer seng 37 Joer a wäert wahrscheinlech net méi esou laang spillen. Do gëtt et och eng Platz ze huelen.
Donieft hu mir Spiller déi voll am Jus sinn. De Kiki Martins an den Aurélien Joachim schéinen op engem ganz gudde Niveau ze sinn a kënnen esouwuel de Freide wéi den Dënschden Schlësselspiller fir e positivt Resultat sinn. De Martins, um Sprong an de Kader vum Olympique Lyon, huet leschte Weekend net manner wéi 3 Goaler geschoss a presentéiert sech an Topform. Grade sou wéi den Aurélien Joachim deem de Wiessel bei den RWS Bruxelles richtëg gutt gedoen huet. An 6 Matcher huet de Stiermer e Goal virbereed a net manner wéi 4 Goaler sëlwer geschoss.
De Match gëtt de Freiden um 20:15 ugepaff.
Wéinst den terroristeschen Uschléi zu Bréissel soll e mat enger méi grousser Sécherheetskontroll a Policepräsenz rechnen.