E vun de flottsten Amenter vum Fussballbegeeschterten Mënsch ass vrun engem Match vu senger Lieblingsekipp sech an d’Haut vum Trainer ze versetzen.
Wann e sech vill mat senger Ekipp an dem Géigener beschäftëgt andeems en am Virfeld all Zeitungsartikel liesst, mengt en et géif en e Feeling dovu kreien wéi d’Opstellung ausgesi wäert.
Zum Géigener:
Bosnien ass eng spillstark Ekipp déi oft duerch d’Mëtt spillt. De Pjanic gëllt als Dréih an Angelpunkt vum Spill.
D’Stiermer Dzeko (AS ROUM) an Ibesivic (HERTHA BSC) bilden e komplementare Stuermduo. Den Dzeko ass e méi komplette Spiller, spillstark, gutt Iwwersicht, kennt gaeren aus der Déift. Den Ibesiv ass e Stroffraumspiller dee gaeren lauert an dann äiskal zouschléit.
Wat en onbedéngt verméide muss: Fräisstéiss vu manner wéi 35 Meter vrum eegene Goal!
Duerch dem Géigner seng Mëttorientéiert Spillweis gëllt et déi Platz zouzemaachen an onst Spill schnell iwwert d’Säiten opzezéihen.
Hei ons Opstellung:
FORMATIOUN:
4-2-3-1 (4-3-3 am Spill no vir)
JONATHAN JOUBERT: Den Nationaltrainer huet am Virfeld gesott datt béid Keeper e Match spille waerten. Géint Bosnien mat engem groussen Offensivepotential erwaarde mir de Jon zwëschen de Poteau’en ze gesinn.
LAURENT JANS: wéi bei Waasland-Beveren op senger gewinnter Positioun als rietsen Aussevertéideger.
KEVIN MALGET: séng lescht Performancen nieft dem Chanot an der Innenvertéidegung waren einfach ze gutt fir do ëppes ze änneren.
MAXIME CHANOT: säit sengem éischte Match fir Lëtzebuerg e Pilier vun der Ekipp. Net eweg ze denken.
KIKI MARTINS: jo, dir gesidd et richtëg. Mir wieren net iwwerrascht de Spiller vum Olympique Lyon als lénksen Aussevertéideger ze gesinn. Rezent Aussoën vum Luc Holtz hu schonn e bessen dohinner gedéit datt hien dem polyvalente Spiller (deen a Frankräich och schonn als Stiermer agesat ginn ass !) seng Zukunft an der Ofwier gesäit. Op alle Fall wier et flott wann de Kiki seng Qualitéit op dem Posten ausliewe kéinnt. De lëtzebuerger Alaba ?
BEN PAYAL: trotz sengen aktuelle Problemer am Veräin misst de Ben Payal de Freiden vun Ufank un spillen. Weem kéinnt en déi schwéier Missioun “Pjanic-Ausschalten” besser uvertrauen ? Den “Terrier” kennt 90′ laang kéng
Bromance.
CHRIS PHILIPPS: bei Preussen Münster säit der Réckronn als Schlësselspiller am defensivem Mëttelfeld agesat. Säi Stellungsspill a seng Relance si gefrott.
SÉBASTIEN THILL: mir hunn ons d’Fro “Thill oder Bensi” gestallt an hunn ons fir de Nidderkuerer entscheed. Firwat ? Well en seng Chance verdéngt.
LARS KROGH GERSON: zesummen mat Payal a Philipps dofir zoustänneg d’Mëttelfeld vun de Bosnier an de Grëff ze kreien. Als Bonus daerf hien d’Spill no vir gestallten. Net den einfachsten Job vum Owend.
MARIO MUTSCH: de Spiller vu St Gallen am lénke Mëttelfeld vrum Kiki Martins. Als Art Kontroller an Dämpfer vrum néien Aussevertéideger.
AURÉLIEN JOACHIM: transforméiert säit sengem Wiessel op Bréissel. 6 Matcher, 4 Goler, 1 Assist, nët manner wéi dat ! E staarken Auré deet der Nationalekipp ëmmer gutt.
Rendez-vous de Freiden Owend am Josy Barthel.
De Match gëtt um 20:15 ugepaff