Iergerlech !

An engem Match mat zwou verschiddene Halschenten verléiert ons Nationalequippe mat 0:3 géint Bosnien/Herzigowina.

Fir de Match géint Miralem Pjanic a Co hatt den Luc Holtz op bewährtes gesatt an huet nëmmen mam Anthony “Tun” Moris am Goal e wéineg iwwerrascht.
An sengem 4-4-2 huet hien also dem Moris am Goal d’Vertraue geschénkt, den Delgado, Malget, Chanot a Jans hunn d’Véiererkett an der Ofwier gebild, Mutsch, Gerson, Philipps a Martins amb Mëttelfeld an d’Koppel Bensi a Joachim hu sech op der Front vum lëtzebuerger System erëmmfonnt.

Chris Philipps (Luxemburg #6) vor Sanjin Prcic (Bosnien-Herzegowina - 20) / Fussball, Freundschaftsspiel, Laenderspiel, Testspiel, Saison 2015-2016 / 25.03.2016 / Luxemburg - Bosnien-Herzegovina (Luxembourg vs Bosnia and Herzegovina) / Stade Josy Barthel, Luxemburg / Foto: Ben Majerus
De Chris Philipps virum Sanjin Prcic

An den éischte 45 Minutten hunn déi ronn 3300 Zuschauer e ganz ausgeglachene Match gesinn. Bei de wéinëgen Chancen fir d’Gäscht war den Anthony Moris zur Stell. Ons Roud Léiwen hatten mat engem Fräisstouss vum Bensi, engem Wäitschoss vum Joachim a mam Delgado dräi gutt Chancen fir a Féierung ze kommen. Léider waren d’Schëss ze zentral, ze schwach oder de Begovic op der richtëger Platz.
Erauszehiewen war dat ganz intelligent Spill vum Chris Philipps. Propper Relancen, gutt Stellungsspill an eng interessant physësch Präsenz um Terrain.

An der Vestiaire vun de Gäscht huet den Trainer seng Spiller wachgerësselt wëll déi duerno e ganz annert d’Gesicht gewissen hunn. Mat der Awiesselung vum Dzeko an engem héische Pressing huet den Bazdarevic déi richtëg Mossnahmen ergraff fir d’Lëtzebuerger ënner Drock ze setzen an d’Spill ëmmer méi ze kontrolléieren.

Den Anthony Moris huet eng ordentlech Leeschtung gewisen
Den Anthony Moris huet eng ordentlech Leeschtung gewisen

Schonn an den éischte Minutten huet den Moris missen seng ganz Klasse beweisen an e flache Schoss vum Dzeko entschärfen. Eng Parade mat 5 Stären !
Den Holtz reagéiert andeems den Schnell fir den Delgado kennt.
Eng Ronn 10 Minutten drop huet de Stiermer vum AS Roum zwee Mol fir grouss Gefohr am Lëtzebuerger 16’er gesuergt. Den éischte Schoss goung knapps iwwert de Goal an e puer Amenter méi spéit war hien e bemëssen ze kuerz fir eng Flank vrum Goal ze verwerten.

Den Drock huet net nogelooss a mat der Awiesslung vum Pjanic koum de Mann fir déi lescht Pass. Et war op e Mol nëmmen eng Fro vun der Zäit wéini de Gol falle géif.

Eischten Nationalspiler aus dem Baujouer 2000: Vincent Thill
Eischten Nationalspiler aus dem Baujouer 2000: Vincent Thill

De Luc Holtz huet du probéiert mat néien Offensiv Spiller fir Entlaschtung ze suergen. Deville koum fir Bensi, Da Mota fir Martins an de Vincent Thill fir de Mutsch. Mat der leschter Awiesslung gouf dunn och nach Geschicht geschriwwen well de Metzer Spiller mat 16 Joer a 50 Deeg als jéngste Spiller vun der Nokriegzäit an d’Geschicht agangen ass. Déi éischt Minutte vu ganz villen an der Zukunft. Seng Liichtegkeet um Ball a säi Spillverständnis, wat Spill no vir betrëfft, sinn einfach net z’iwwersinn.

Dem Holtz säi Poker wier och bal opgangen.
Den Da Mota huet nämlech eng geféierlëch Flank vrun de bosnësche Goal geschloën an den Prcic huet de Ball knapps iwwert den eegene Goal degagéiert.

Luxemburg - Bosnien-Herzegovina (Luxembourg vs Bosnia and Herzegovina)Et sinn awer d’Gäscht déi duerch e Selbstgoal a Féierung ginn. No engem schnell ausgeféierte Fräisstouss kann den Visca eng scharf flach Flank eraginn an dem Chanot bléift näischt anneschtes wéi sech an de Ball ze gehéien. (0-1 73′)
Nëmmen zwou Minutte méi spéit, de selwëschten Szenario mä op der annerer Säit. Schnell ausgefouerten Fräistouss vum Pjanic, Flank vrun de Goal mä des Kéier schéisst den Edin Dzeko de Ball sëlwer eran (0-2 75′).

Zwee Goaler déi awer ganz einfach hätte vermidde kéinnte ginn wann e Lëtzebuerger sech einfach vrun de Ball stellt ! E Feeler deen nie méi virkommen däerf an deen esouguer an enger drëtter Divisioun bestrofft gëtt.

De Vincent Thill um Ustousspunkt, nodeems de Pjanic getraff haat
De Vincent Thill um Ustousspunkt, nodeems de Pjanic getraff haat

Den 2-0 wier nom Spillverlaf och gerecht gewierscht. Mä vu datt Ouschteren ass, hu mir de Gäscht e wéidert Geschénk gemeet. Den Tom Schnell mecht en onnéidege Feeler eng 5 Meter vun der Strofraumgrenz. Op deer Entfernung quasi en Elefmeter fir de Pjanic. De Spillmaacher léisst sech déi Chance net entgoën a leet een Ouschteree an de Wénkel. (0-3 90′)

E Score deen einfach ze héisch ausfällt an deen nach méi iergerlech ass well mir ons selwer mat groteske Feeler bestrooft hunn.

Den Dënschde spillen ons Léiwen géint den EM-Deelhueler Albanien. Rendez-Vous um 20:15 am Stade Josy Barthel

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.