Mat 75 Joer verléisst ons de Louis Pilot.
De fréiere Profi vum Standard Léck, Nationalspiller an Trainer gouf 2003 zum beschten lëtzebuerger Fussballsspiller gewielt.
Mat 20 Joer war de Spiller vum
CS Fola Esch bei de Standard de Liège gewiesselt. An 337 Matcher fir de belschen Traditiounsveräin gouf de Louis Pilot 4 mol Champion an huet 2 mol d’belsch Coupe an d’Luucht gehuewen. Wéider Statiounen am Profifussball waren den Royal Antwerp FC an de Racing Jet Bruxelles.
Fir d’Roud Léiwen war de Mëttelfeldspiller 49 mol am Asatz an huet dobäi 7 Goler geschoss.
1964 war hien Deel vun der legendärer Ekipp déi et bis an d’Véierelsfinal vun der Europameeschterschaft gepackt huet.
No senger aktiver Carriere huet de Louis Pilot 5 Joer laang d’Nationalekipp trainéiert eh hien 1984 dës Funktioun bei de “Rouches” iwwerholl huet.
No enger Saison koum hien zréck an d’Länd’chen an huet bei der Etzella Ettelbrück an dem FC Avenir Beggen säi Wëssen a Kënnen vermëttelt.
De lëtzebuerger Fussball verléiert e vu senge Gréissten.
Äddi Louis !