Nee mir schwätzen elo net vun der Lëtzebuerger Sitcom mä iwwert de méigleche Retour vum Kevin Malget an d’ Nationalequipe.
Säit méi wei engem Joer spillt de Welzer Jong fir de F91 a vru kuerzem schéint hien den Duerchbroch beim Meeschter gepackt ze hunn. Säit sengem Retour op Lëtzebuerg huet hien Schwieregkeeten gehatt sëch duerch se setzen an war net méi wéi een Ergänzungsspiller. Bei de leschten dräi Mätscher ass den 21 Joeren ale Verteideger explodéiert an zu méi wéi enger Alternativ zum Caillet an Tournut ginn. Zwee Goaler an eng vun der Presse gefeierter Leeschtung an der Defensive hunn deen zu Ooche forméierte Spiller nees an de Fokus vun der Nationalequipe bruet. Bis elo huet de Malget ganz wéineg Mätscher fir d’Roud Léiwe gemeet an ass och scho méi laang net méi geruff ginn. Säi leschten Internationale Mätsch war am September … 2011 fir … d’ U21.
An de leschte Mätscher huet d’ Nationalequipe verschidde Mängel an der Verteidegung gewisen a ware net méi esou solid wei nach vrun e puer Méint. Mätscher wei géint Georgien, wou eklatant Stellungsfehler zu Goaler gefeiert hunn, hu bewisen datt et e gewëssene Relachement an der Verteidegung gëtt. Et schéint wei wann de Malget eng interessant Alternativ zu den aktuelle Verteideger an der Nationalequipe kéint sinn. Ee Versuch ass et sécherlech wärt.
Och wann hien elo net fir de Mätsch géint Schottland sollt beruff gi kann en an Zukunft mat him rechne wann hie weider op dem Niveau spillt.
Comeback? Op mannst emol am Kader 🙂
//www.wort.lu/de/view/ohne-joachim-mit-turpel-509d0f17e4b0e83edf95eff8
A wien ass deen Turpek do? Erem en Holtz-Kumpan vun Ettelbréck?
Dann hatt ech mol e gutt Gespier 😉 hien as bestemmt eng gutt Alternatif a mat 21 joer huet hien jo och na net säi beschte Fussballalter ereescht. Loosse mir ons mol iwwerraschen.
Den Turpel ass momentan DE Stiermer vun Ettelbréck. Gëtt interessant ze gesi wat hien op internationaler Bühn ferdeg brengt
//www.lequotidien.lu/les-sports/38090.html