Ons Nationalequipe verléiert hieren Testmatch zu Riga mat 3-1 geint Lettland.
D’Heemekipp goung schonn an der 3ter Minutt duerch den Ikaunieks a Féierung. De Carlson gett iwwerlaf an d’Flank fällt genee vrum Buteur seng Féiss.
 ,
D’Lëtzebuerger hunn duerno de Match dominéiert, hatten vill Ballbesetz an hunn d’Balten an hier eegen Halschent gedreckt. De Vincent Thill deen haut dei eischte Kéier vun Ufank un um Terrain stoung huet d’Offensivspill vun de Leiwen ugekuerbelt a geprägt.
Gutt Chancen vu Gerson, op de Poteau a Malget Käpper no Corner konnten an den eischte 45′ net genotzt ginn. Och d’Letten hatten 2 ganz gutt Occassiounen wier nach en zweeten ze scheissen.
De Lëtzebuerger huet de Pausentéi anscheinend besser gedoen well no 1′ huet et schonn gerabbelt an et stoung 1-1.
De Gerson zitt un Richtung 16er, leet queesch op den V. Thill dee mat den Zeiwespëtzen de Ball op den Da Mota weiderleet. Deen zitt of a léisst dem Keeper keng Chance.
D’Freed war grouss awer net vu laanger Dauer. Nëmmen eng Minutt mei spéit profiteiert de Zjuzins vun engem Loftlach vum Kiki Martins an et stoung 2-1.
Lo waren d’Lëtzebuerger liicht ugeschloen an d’Letten hunn äiskaal zougeschloen. An der 51′ ass et nees den Zjuzins deen trefft. No engem Komplettausfall vun der ganzer Ofwier zitt de Stiermer aus Ronn 6 Meter op de Gol of. De Joubert kritt d’Ärm net richteg an d’Luucht an de Ball land am Netz.
No e puer Minutten waren d’Leiwen nees am Spill an hu probéiert e wéidere Goal ze maachen. Da Mota, Turpel, Deville a S.Thill ( an de leschte Minutten fir säi Brudder agewiesselt ginn. D’Letten hunn fir de V.Thill fir seng Leeschtung geklappt !) hatte mat hiere Versich wéineg Gleck an den Jonathan Joubert huet nach zwee Mol misse staark paréieren.
Nieft dem Carlson konnt och den Eric Veiga säin éischte Match fir Lëtzebuerg maachen.
Een Testmatch mat vill Liicht mä och vill Schied.
Bis en Dënschden läit nach e bessen Aarbescht un.