Du weess dass de Fan vun der Nationalequipe bass…

… wann’s de nëmmen den éischte Verse an de Refrain vun der “Heemecht” kenns.

… wann’s de nom Refrain ëmmer nees “LËËËTZEBUERGER! LËËËTZEBURGER! HEY! HEY!” brëlle wëlls, egal wou d’Hymne grad gespillt gëtt.

… wann’s de dofir awer de ganzen Text vun de Cool Feet hierem “Roude Léiw huel se” auswenneg kenns.

… wann’s de, nieft dengem Duerf- an dem traditionellem Bundesligaveräin, nach all Profisequipe wou ee Lëtzebuerger spillt an denger “Gefällt mir” Kategorie op Facebook erëmmfenns.

… wann’s de, 5 Minutten nodeems e Wiessel vun engem Nationalspiller bei e Profiklubb bekannt ginn ass, de Veräin geliked an sëlleg Kommentaren hannerloos hues.

… wann’s de 5 Minutten nodeems ee Spiller bei een néien Veräin gewiesselt ass den ale Veräin “entliked” hues.

… wann’s de dech op ee Mol fir déi zweet belsch Liga interesséiers

… wann’s de dir een Trikot vun engem Lëtzebuerger Profi kaafe wells, dann zögers an et schlussendlech awer ni mess.

… wann’s de Burton Albion net méi leide kanns.

… wann’s de op FIFA all lëtzebuerger Spiller keefs a se an engem Starensemble nieft Messi a Neymar oplafen. Pech fir de Suarez, den Deville ass souwisou vill besser.

… wann’s dech scho jorelang driwwer opreegs datt mir nach ëmmer am Stade Josy Barthel spillen.

… wann’s de dech frees firwat de Stadionspriecher dem musékaleschem Trend emmer siwe Joer hannendrunn ass.

… wann’s de dofir awer frou bass datt d’Boxen am Stadion net méi richteg fonktionnéieren.

… wann’s de dem Hubert an der Paus wénks.

… wann’s de däin Auto 2 KM wäit eweg vum Stadion geparkt hues fir dem Traffic nom Match aus de Féiss ze goen.

… wann dat, ënnert eis, awer eischter eng Excuse ass fir den Auto nieft däi Stammbistrot ze stellen.

… wann’s de schonn e Wirtschen am Becher giess hues well d’Breidecher an der Paus ausverkaf waren.

… wann’s de am August beim Gedanken un een Heemmatch am Mäerz oder November ënner Schüttelfrost leids.

… wann’s de wees wéi sech een Auswäertsmatch doheem ufillt.

… wann’s de wees dat Liechtenstein scho Matcher gewonnen huet.

… wann’s de wees dat weltklass Fussballspiller nach laang keng gutt Trainer maachen.

… wann’s de een kenns dee mengt hien wier vum Stadionbéier voll ginn.

… wann’s de schonn 167.543 Witzer iwwert dem Dan Theis säin Elefmeter heieren hues.

… wann’s de dech erennere kanns wei’s de Lëtzebuerg-Tschechien um Radio gelauschtert hues.

… wann’s de dech nach ëmmer frees wéi Profifussballer op dem Sébastien Rémy seng eenzeg Feinte erafalle konnten.

… wann’s de dech frees wou dem Theis säi Ball geland ass (Witz Nummer 167.544)

… wann’s de dech frees wéi déi gesamte schwäizer Equipe op onse Fräistousstrick erafale konnt.

… wann’s de dech haut nach an den Henneschte beiss dass de deemols net am Letzigrund wars.

… wann’s de haut nach emmer vun denge Kollegen dofir gemobbt gess.

… wann d’Auslousungen fir d’EM- an d’WM-Qualifikatioun zu dengen Fernseh-Highlights vum Joer geheieren.

… wann’s de hoffs datt mir Däitschland, England oder Italien zougeloust kreien.

… wann’s de wees datt Wäissrussland ëmmer an onsem Groupe ass.

… wann’s de hoffs datt mir Israel net net net net net net net zougeloust kreien.

… wann’s de emmer nees hoffs een oder zwee Punkte méi wei an der leschter Kompagne ze kreien.

… wann’s de direkt no der Auslousung de Präis vum Fliger, Hotel a Béier kucks.

… wann’s de geplangt hues mat 30 Kollegen op een Auswäertsmarch ze reesen an dir schlussendlëch zu 3 sidd.

… wann’s de all Auswärtsrees mat de vireger vergläichs an zur Schlussfolgerung kenns datt Belfast am gäilste war.

… wann’s de dech emmer nees opreegs, datt et Lëtzebuerger ginn dei leiwer doheem vrum Fernseh setzen an een anert Land ennerstetzen wei nieft dir am Schloreeen ze stoen.

… wann’s de während dem Match awer emmer nees e Bléck op d’Resultater vun Däitschland hues.

… wann’s de wees weieen Gesicht däi Géigeniwwer mecht wann s de him sees dass de Fan vun der Nationalequipe bass.

… wann’s de frou bass dass de eng Kéier soe kanns “ech war schonn dobäi do ware mir frou wa mir iwwert d’Mëttellinn komm sinn”

… wann’s de dreems ee Mol mat Lëtzebuerg op eng WM oder EM ze fueren.

… wann’s de och eng gutt Leeschtung bei enger Neierlag ze schätze wees.

Share: